D'Woch op RTLD'Nouvellen, déi d'Leit beweegt hunn

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Wéi wielen d’Leit?
Wieren elo Walen, géif déi aktuell Koalitioun DP-LSAP-Gréng d’Majoritéit behalen, mat 31 Sëtz. Dat geet aus der neister Sonndesëmfro ervir. Déi meescht Leit, ronn 1 Drëttel vun de Befroten, géifen sech tëscht de 4 Spëtzekandidaten eng weider Kéier fir de Xavier Bettel als Premier entscheeden.

Geldstrof fir d’Monica Semedo
D’Monica Semedo ass rëm sanktionéiert ginn, nees wéinst psychologeschem Harcèlement. D‘Lëtzebuerger Europadeputéiert krut eng Geldstrof vu bal 3400€. D’Monica Semedo war scho virun 2 Joer sanktionéiert ginn, well si 3 aner Mataarbechter soll gemobbt hunn.

Télévie 2023
Den 22. Abrëll war de groussen Télévie-Dag. Déi ganz Woch ware mir an de 4 Télévie-Zenteren, dat sinn dëst Joer Schëtter, Déifferdeng, Helperknapp a Rodange

Grouss Hochzäit um Knuedler
Um Samschdeg hunn d’Prinzessin Alexandra an de Nicolas Bagory sech op der Stater Gemeng d’Jo-Wuert ginn. Schonn am Laf vun der Woch waren d’Preparatiounen um Knuedler am Gaang.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2053491.htmlNet iwwerall muss gewielt ginn
Buerschent, Noumer, Stadbriedemes, Viichten, Wanseler a Weiler zum Tuer. Dat sinn déi sechs Majorzgemengen, an deene Stand vum 18. Abrëll scho kloer ass, dass manner oder grad esou vill Kandidate sech presentéieren ewéi déi néng Plazen am Gemengerot. Sou dass d’Bierger

an dëse Gemenge den 11. Juni net musse wiele goen.

Kënschtlech Intelligenz an der Medezin
D’Chancen an d’Gefore vun der Kënschtlecher Intelligenz an der Medezin waren um Donneschdeg Thema am Kloertext. Kënschtlech Intelligenz gehéiert awer anengems zu de sophistiquéierte Methoden, déi am Kampf géint de Kriibs an aner Krankheete grouss Avantagen hunn.

Historesch Joreshausse bei Liewensmëttel
Iwwert e Joer gekuckt, si verschidde Liewensmëttel an de Butteker am Land ëm en Zéngtel méi deier ginn. Am meeschte wieren d’Präisser vun Ueleg, Fett, Mëllechproduiten, Eeër a Geméis geklommen.

An der Schlussmontée ofgesat
E Mëttwoch ass den Tadej Pogacar op en Neits senger Favoritteroll gerecht ginn. De Slowen huet fir déi éischte Kéier a senger Karriär d’Flèche Wallonne gewonnen.

Grousse Verloscht
De Méindeg de Moien hat e Camion zu Kënzeg seng Wuer verluer. Dobäi sinn honnerte Fläsche Béier gebrach an op d’Strooss gelaf. Op de soziale Reseaue gouf theatralesch ëm de grousse Verloscht getrauert.

De Mann mat den 10.000 Sound-Effekter
Den Amerikaner Micheal Winslow ass Comedian, Beatboxer awer och Geräisch-Artist. Dës Woch war hien zu Lëtzebuerg op Besuch.

En Ultra-Marathon gelaf oder gefuer?
Eng Schottesch Laangstreckeleeferin war bei engem Ultra-Marathon ze séier ënnerwee. Verdächteg Zäiten hunn déi Drëttplacéiert opfléie gelooss. Duerno huet si zougi wärend der 50 Meile-Course, 2,5 dovu mam Auto zeréckgeluecht ze hunn. Si gouf duerno disqualifizéiert

Am Dammefuttball
An der Finall vun der Coupe am Dammefuttball treffen den FC Mamer 32 an den RFCUL openeen, nodeem Mamer géint Housen 10:2 gewonnen hat.

PICelectroNIC
De Festival ass all Joer e beléifte Rendez-vous. Vum 22. bis den 23. Abrëll steet hei alles am Zeeche vu Musek a Kreativitéit. Op eng spilleresch Manéier kann een hei déi verschiddenst musikalesch Approchen entdecken an dat ënnert dem Motto: “Festival for headbanging kids and grooving parents.”

Back to Top
CIM LOGO