
De Grand-Duc e Waasserverschwender?
Benotzt de Grand-Duc Henri ze vill Waasser am Süde vu Frankräich, wou eng akut Dréchent ass? De Reproche gouf en Donneschdeg vum Buergermeeschter vun Chateauneuf-Grasse gemaach. An der Gemeng ginn et strikt Limitatiounen, well d’Waasser elo schonn ze knapp ass, mä verschidde VIPe wéi eise Grand-Duc oder de Silvio Berlusconi géinge sech net dorun halen. Den Haff huet reagéiert a sot, déi groussherzoglech Famill hätt keen Haus méi an der franséischer Gemeng Châteauneuf-Grasse a wier deemno och net verantwortlech fir d’Waasserconsommatioun.
12 Punkte fir Lëtzebuerg?
E Freideg koum déi offiziell Matdeelung, datt de Grand-Duché 2024 no iwwer 30 Joer Paus nees beim ESC wäert dobäi sinn. An deem Kader wäert RTL vum Juli un och Kandidatinnen a Kandidate sichen, déi d’Land solle vertrieden.
E Feier um Grondhaff an eng Festnam
An der Nuecht op e Mëttwoch hat et um Grondhaff an engem Hotel gebrannt. Zwee Deeg méi spéit huet d’Police en 41 Joer ale Mann wéinst méiglecher Brandstëftung festgeholl.
Coronation Day
D’Kréinung vum Kinnek Charles III. an der Kinnigin Camilla mécht den Optakt vun eisem Wocheréckbléck. Dräi Deeg laang gouf gefeiert mat iwwer 2.300 offizielle Gäscht, déi wärend der Kréinungszeremonie an der Westminster Abbey derbäi waren. De 74 Joer alen Charles III. ass elo offiziell den 40. brittesche Monarch um Troun.
Explosioun, blesséiert Polizisten a Pompjeeën zu Ratingen
E 57 Joer ale Mann huet en Donneschdeg eng Explosioun a senger Wunneng ausgeléist an domadder zwee Polizisten an zéng Pompjeeë verwonnt, deels liewensgeféierlech. Wéi déi däitsch Spezialunitéiten de Mann dono iwwerwältege konnten, gouf och eng Läich a senger Wunneng fonnt. Den Dag no der Dot koum d’Nouvelle, datt fënnef Membere vun de Rettungsdéngschter respektiv der Police an e kënschtlecht Koma geluecht goufen.
Just nach 52,8% Lëtzebuerger hei am Land
Bal all Fënneften, 18 Prozent, huet donieft awer nach eng aner Nationalitéit. Eng 180 Nationalitéite sinn zu Lëtzebuerg vertrueden. Am meeschte sinn dat Portugisen, Fransousen an Italiener. Dës Chifferen huet de Statec dës Woch publizéiert.
Hausse bei sexuelle Krankheeten am Grand-Duché
All Dag stieche sech weltwäit eng Millioun Mënsche mat enger sexuell iwwerdrobarer Krankheet un. Am Grand-Duché goufen zejoert bal ee Véierel méi Geschlechtskrankheeten constatéiert wéi nach dat Joer virdrun. Besonnesch opfälleg wier et, dass d’Fäll vu Chlamydie ganz däitlech an d’Luucht gaange wier. De Gesondheetsministère erënnert drun, sech ze schützen. Kaaft Kondomer a maacht Tester!
Knapp 400 Kilo schwéier
Eis kuriéis News vun der Woch kënnt aus der franséischer Uertschaft Stenay net wäit vu Lëtzebuerg ewech. Hei hunn d’Rettungsekippen eng 391 Kilo schwéier Fra an d’Spidol misste bréngen. Ma eleng, fir si aus hirer Wunneng erauszekréien, huet eng Mauer missten agerappt ginn.
Grand-Duché fiert Europadag
En Dënschdeg gouf zu Lëtzebuerg den Europadag gefeiert. An deem Kader wollte mir wëssen, wat d’Leit dobaussen iwwer Europa denken.
AFP-Journalist ëmkomm
An der Ukrain huet den 32 Joer ale Fransous Arman Soldin, deen als Video-Coordinateur fir d’Noriichtenagence AFP de Krich dokumentéiert, säi Liewe bei engem russesche Bombardement verluer. Mat sengem Doud klëmmt d’Zuel vun Journalisten a Fräiwëllegen, déi hiert Liewen an dësem Konflikt gelooss hunn, op 11.
En Tattoo ass e Luxusproduit
Dat sot den Invité vun der Redaktioun Marion Thill en Donneschdeg um Radio. De President vun der “Hair Beauty and Tattoo Guild asbl” huet betount, datt een an der Zeen d’Kris géing mierken. Kritik gouf et vun him awer a Richtung vum Ministère, well et dem Marion Thill no net genuch Qualitéitskontrolle gëtt.
Grouss Iwwerraschung an der Coupe de Luxembourg
Am Futtball huet den Underdog aus Miersch et gepackt, fir sech fir d’Finall vun der Coupe ze qualifizéieren. De Veräin aus der Éierepromotioun huet sech 2:1 géint Munneref duerchgesat. An der Finall de 26. Mee trëfft Miersch am Stade de Luxembourg op Déifferdeng, déi Rouspert eliminéiert hunn.
Fréieren US-President Tump verurteelt
En Dënschdeg gouf den Donald Trump wéinst sexuellem Mëssbrauch verurteelt. Déi fréier Kolumnistin fir d‘Zäitschrëft “Elle” Jean Carroll reprochéiert dem fréieren US-President, si an den 90er Jore vergewaltegt ze hunn. D’Jean Carroll krut vum Geriicht 5 Milliounen Dollar Schuedenersatz zougesprach.