
Spektakulär Biller aus Nordamerika
Eng komplett Sonnendäischtert gouf et e Méindeg iwwer Deeler vu Mexiko, den USA a Kanada. Op d’mannst 150 Millioune Leit hu sech dëse Spektakel ugekuckt a vill Hoteller, déi an der Schneis vun dësem Evenement louchen, ware komplett ausgebucht.
Dir braucht Geld a schlooft gären?
Da mellt Iech bei enger Etüd vun der däitscher Raumfaart-Agence. D‘DLR sicht nämlech Probanten, déi 60 Deeg am Bett leien. Dofir kritt een dann och 18.000 Euro. Mat der Etüd wëll een d’Auswierkung vun der Schwerelosegkeet op de Kierper erfuerschen.
Lëtzebuerger mam Sting op Tour
Eng aner Aart vun Dramjob huet de Lëtzebuerger Chris Maas. De Batteur, deen ënner anerem scho mat Mumford & Sons op Tour war, wäert elo de brittesche Sänger Sting op senger neister Tour begleeden. Mir hunn am Virfeld mam Chris Maas geschwat.
FBI sicht no Lëtzebuerger
Dat net, well dësen eppes verbrach huet, mä well wärend dem Zweete Weltkrich e Konschtwierk an der Géigend vun Iechternach geklaut gouf, wat elo an den USA opgedaucht ass. Den US-Geheimdéngscht wëll d’Ierwe vum fréiere Besëtzer fannen.
Fabrikatiounsfeeler bei Pneue vu Goodyear?
Honnerten Accidenter hätt et ginn, well d’Cammionspneue vu Goodyear net richteg verschafft waren. D‘Fra vun engem Camionneur, deen dowéinst ëm d’Liewe koum, kämpft dowéinst zanter Joren drëm, datt d’Affär an d’Liicht kënnt an net vergiess gëtt.
Opgepasst bei der Autowäsch
De Lëtzebuerger ass jo frou mat sengem Auto an dowéinst gëtt dësen och vill gefleegt. Wann awer Saharastëbs sech um Auto festgesat huet, gëllt et opzepassen. Wie keng Schréipsen am Lag wëll hunn, huet besser virun der Faart duerch d’Wäschanlag d’Gefier eng Kéier mat Waasser gutt ofzesprëtzen.
6 Joer no Accident
D’Polizistin, déi bei der Kollisioun tëscht zwee Policeautoen am Abrëll 2018 zu Lausduer, ganz schwéier blesséiert gouf, ass dës Woch gestuerwen. Schonn op der Plaz hat en Aarbechtskolleeg vun hir säi Liewe verluer.
Ginn d’Geschäfter méi lues?
Vum Aldringer sinn d’Maartleit nees op de Knuedler geplënnert, wou de Maart traditionell ofgehale gouf. Ma net all d’Clienten hunn dëse kuerze Wee och matgemaach. Wärend déi eng Maartleit dat däitlech spieren, relativéieren awer anerer dës Situatioun.
Affär CMCM geet nach weider
Elo huet sech d’Personal vun der Mutuelle zu Wuert gemellt. Dëst huet sech schockéiert an enttäuscht gewisen. D’Delegatioun geet esouwäit, datt si seet, datt een driwwer entsat ass, wat sech bei der CMCM alles gedoen huet.
Spotify an TikTok veränneren d’Musek
Déi zwou bekannte Plattformen hunn e groussen Afloss op d’Musek. Dat gesinn och d’Lëtzebuerger Kënschtler Turnup Tun, Maz an CHAiLD. Eppes ass awer kloer: Mat 0,03 Cent pro gelauschtertem Lidd gëtt een net räich.