
Fouer ass lancéiert
E Gromperekichelchen, eng kal Béier an en Tour um Riserad. Aus Parkplaze sinn 216 Geschäfter a ronn 5.000 Sëtzplaze ginn. E “Maximum de Sensation” fënnt een déi nächst dräi Woche rëm um Glacis. D’Foraine freeë sech op dës Editioun, hunn awer och mat Präishaussë vu Personal a Matière Premièren ze kämpfen.
Demokrate stinn hannert der Kamala Harris
D’Kamala Harris ass offiziell d’Presidentschaftskandidatin vun den Demokrate bei den US-Walen am November. Si huet elo nach knapp 70 Deeg Zäit, d’Amerikaner vu sech ze iwwerzeegen. D’Demokratin versprécht, “Presidentin vun allen Amerikaner” ze sinn.
Hondspensioun ouni Autorisatioun
Am Süde vum Land si fënnef Muppe wärend, respektiv no hirem Openthalt an enger Hondspensioun gestuerwen. Dat awer ënnert ënnerschiddlechen Ëmstänn, wéi d’Veterinärsinspektioun matdeelt. D’Hondspensioun hat keng Autorisatioun. D’Enquête leeft.
Alternativ zum Fëmmen
Ëmmer méi Jonker vapen. Besonnesch déi exotesch Goûten an de faarwegen oder och diskreten Design zitt d’Leit ënner 25 un. D’Fondatioun Cancer fuerdert e Verbuet vu Vapes. Et wier zwar keen Tubak dran, mee Nikotin an aner chemesch Substanzen. D’Regierung iwwerleet awer nach a wëll Vapes net generell verbidden.
Op der anerer Säit vun der Grenz
An dësem Deel vun der Serie war eise Journalist am Saarland an huet eng Lëtzebuergerin getraff, déi Animatrice, Schwamm- a Klotercoach ass. Fir si war d’Decisioun hannert d’Grenz ze plënneren déi “bescht Decisioun vu mengem Liewen.”
Mineur am Prisong
Op en Neits sinn zwee Mannerjäreger op Schraasseg an de Prisong komm, well d’Unisec zu Dräibuer voll war. Ëmmer rëm koum et dowéinst zu politeschen Diskussiounen. De Prisong zu Schraasseg wier einfach net drop ausgeluecht Mineuren ënnerzebréngen.
Vill Vakanz...
...hunn d’Lëtzebuerger d’lescht Joer gemaach, an zwar ganzer 2,8 Millioune Stéck. Wat d’Unzuel un den Iwwernuechtungen ugeet, steet Lëtzebuerg souguer europawäit un der Spëtzt.
Alles nees op 0 zu Bréissel
Méi wéi zwee Méint no de Parlamentswale bei eise belschen Nopere sinn d’Gespréicher iwwer d’Forméiere vun enger Regierung ouni Resultat op en Enn gaangen.
Ech wollt schonn ëmmer...
D’Anouck an de Raoul probéieren de Summer iwwer Hobbyen aus, déi si schonn ëmmer eng Kéier wollten ufänken. Déi éischt véier Episode kënnt Dir hei kucken.