D'Woch op RTLHotel an de Koup gefall, Dossier Caritas an Olympesch Spiller

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
© RTL Grafik

Caritas kéint Affer vu Presidentebedruch gi sinn

D’Fro, wéi wéi iwwer 60 Milliounen Euro bei der Caritas verschwonne sinn, sti weider am Raum. Ma dës Woch huet de Parquet da matgedeelt, wéi dat Ganzt méiglecherweis kéint passéiert sinn. Et kéint sech ëm e Fall vu sougenanntem Presidentebedruch handelen. Dëse leeft am Allgemengen esou of, dass Onéierlecher sech iwwer Telefon oder Mail als Manager ausginn an e Mataarbechter vun der Organisatioun beléien, fir dass dësen net-autoriséisert Iwwerweisunge mécht oder falsch Rechnunge bezilt.

Hotel an de Koup gefall; zwee Doudesaffer

Zu Kröv op der däitscher Säit un der Musel ass um spéiden Dënschdegowend en Hotel an de Koup gefall. Siwe Mënsche goufen hei verschott. D’Rettungsaarbechten hu sech als ganz schwiereg erausgestallt. Um Enn huet sech erausgestallt, dass zwou Persounen an den Debrise gestuerwe sinn. Déi aner - ënnert hinnen och eng Koppel mat engem klenge Kand - konnten – deels schwéier blesséiert – gerett ginn.

Wiessel un der Spëtzt vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner

D’Anne Goeres ass net méi Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner. Dat huet de President vun der Fondatioun, de Gaston Ternes op Nofro hi confirméiert. Et hätt ee sech am Gudde vun der Anne Goeres getrennt. An engem Schreiwes vum Affekot vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner heescht et iwwerdeems, d’Fondatioun hätt sech vun hirer fréierer Direktesch getrennt an déi aarbechtsrechtlech Prozedure wieren amgaangen. Zu de Grënn vun där Decisioun wollt sech bis elo kee vun deene Betraffenen äusseren.

Kréien d’USA e Vizepresident mat Lëtzebuerger Originnen?

D’USA kéinten deemnächst e Vizepresident mat Lëtzebuerger Originnen hunn. Dës Woch gouf jo offiziell bekannt, dass den Tim Walz der Kamala Harris hire Running Mate fir de Poste vum US-Vizepresident ass. Ma de Politiker aus dem Minnesota kéint Lëtzebuerger Virfaren hunn. Villes deit drop hin, dass dem Walz säin Ururgrousspapp op senger Mamm senger Säit vu Kielen ass.

Paräis 2024: Lëtzebuerger Chef de mission zitt éischte Bilan

E Sonndeg kommen d’Olympesch Spiller zu Paräis offiziell op en Enn. De Chef de Mission vun der Lëtzebuerger Delegatioun, Raymond Conzemius huet am Interview mat RTL en éischte Bilan vun de Spiller aus Lëtzebuerger Siicht gezunn. Aus sportlecher Siicht hätt virun allem d’Leeschtung vun der Patrizia van der Weken ervirgestach. Ma och d’Chistine Majerus am Cylissem an den Nicolas Wagner am Dressurreiden hätte gutt Prestatioune gewisen.

Faktencheck: Um Fluchhafe vu Kreta huet keng Maschinn vun der Luxair gebrannt

Op engem Video, deen an de soziale Medien am Ëmlaf ass, gëtt behaapt, dass eng Luxair-Maschinn op Kreta gebrannt hätt. Dat ass awer falsch.

Am Video gesäit een, dass aus engem Fluchhafen eraus gefilmt gëtt. Op der Pist sti Fligeren an et gesäit een eng wäiss Dampwollek. Am Titel steet eng Luxair 737 géif op Kreta brennen. Am Video gesäit een dann och Fliger vun der Luxair a vill Damp. Ma wéi d’Luxair op Nofro hi kloerstellt, hätt et net gebrannt an et hätt och kee Probleem mam Fliger ginn. E Generator vum Fluchhafen, iwwert deen d’Maschinn mat Stroum versuergt gouf, hättt en technesche Probleem gehat an hätt dowéinst ugefaange mat dämpen.

Back to Top
CIM LOGO