
Koalitiounsverhandlunge sollen nächst Woch ofgeschloss ginn
No enger Woch Vakanz hu sech d’Vertrieder vun der CSV an der DP nees am Schlass zu Senneng getraff, fir weider iwwert de Koalitiounsaccord ze verhandelen. De Formateur Luc Frieden huet sech da ganz zouversiichtlech gewisen, datt een dës Verhandlungen déi nächst Woch kéint ofschléissen. Dëst huet den CSV-Politiker och dem Grand-Duc bei enger Audienz perséinlech matgedeelt. Iwwert d’Verdeele vun de Ressorten oder d’Ministerposten ass awer nach näischt public gemaach ginn. Hannert de Kulissen ass awer ze héieren, datt ee sech wuel op 15 Ministèren eenege konnt.
E Mathé-Genie am Interview
De Pierre Haas huet 2009 seng Première am Escher Jongelycée mat enger Moyenne vu 60 gepackt. No engem Doktorat op der Cambridge Universitéit leet de Biophysiker elo e Fuerschungsgrupp am Max-Planck-Institut. Mat him hu mer iwwert säi Wee, seng Passioun fir d’Mathé awer och d’Chance an d’Limitte vun der kënschtlecher Intelligenz geschwat. Well de Pierre Haas ass sech sécher, datt d’mënschlecht Gehier aner Froe beäntwere kann, wéi d’Maschinnen.
Sexuell Belästegung a Mëssbrauch
Wisou geschitt näischt a wat muss ee maachen, fir d’Problematik an Zukunft besser unzegoen? Déi Fro hu mer engem Affekot zum Thema sexuell Belästegung a Mëssbrauch gestallt.Weider huet eis awer och eng betraffe Persoun e ganz emouvanten Temoignage ginn.
E méiglechen zukünftege Superstar am Interview
De Joel Marques Cunha mécht aktuell op der däitscher Tëlee op sech opmierksam. Am Team vun de Kaulitz-Bridder huet den Déifferdenger e Freideg ëm d’Weiderkomme bei “The Voice of Germany” gekämpft a konnt sech an den Teamfights e sougenannten Hotseat an domadder eng Plaz an de Liveshows sécheren. Am Interview verréit hien eis, datt hie am Ufank net esou begeeschtert war, fir bei der Tëleesemissioun matzemaachen, ma seng Frëndin hat hien einfach do ugemellt, ouni him eppes ze soen. Awer och, datt “The Voice” hie motivéiert huet, elo seng eege Musek ze produzéieren.
Situatioun am Noen Oste bleift weider ugespaant
Wärend Militäroperatiounen an der Gaza weiderlafen, huet den internationalen Drock op déi israeelesch Féierung zougeholl. Dëst ass ënner anerem och e Grond, wisou den Netanjahu elo an der Gazasträif der Populatioun all Dag e séchere Passage vum Norden a Richtung Süden zougeséchert huet. Ma d’Attacke vum 7. Oktober hunn net just a Gaza d’Situatioun verännert. E Lëtzebuerger, deen zu Tel Aviv lieft, huet eis d’Verännerungen a sengem Alldag matgedeelt. Bleift iwwert dëse Konflikt an de Krich an der Ukrain ëmmer mat eisem Liveticker um neiste Stand.
Lëtzebuergerin stierft bei Accident an Thailand
Bei engem Verkéiersaccident mat engem Motorrad op der Insel Phuket ass eng 19 Joer jonk Lëtzebuergerin ëm d’Liewe komm. Och de Chauffer vum Motorrad, en 21 Joer alen Amerikaner, soll net iwwerlieft hunn.
Grand-Duché kënnt net laanscht Rezessioun
Ënner anerem de Comité économique et financier national geet dovunner aus, datt déi Lëtzebuerger Ekonomie net laanscht eng Rezessioun kënnt. Wat dat genau ass a bedeite kéint, huet de Jean-Marc Stuerm erkläert.
Lëtzebuerg kritt eegene Messenger-Déngscht
Um Dënschdeg gouf d‘App “LuxChat” fir de Grand-Public opgemaach. Domadder wëll een zwar WhatsApp keng Konkurrenz maachen, mä d’Datesécherheet géif am Vierdergrond stoen. Well d’Date vu LuxChat bleiwen am Grand-Duché.
US-Dokteren transplantéieren en A mat Succès
An enger 21 Stonne laanger Operatioun krut den Aaron James en Deel vu sengem Gesiicht a säi lénkst A ersat. Verluer hat hien dëst bei engem schwéieren Aarbechtsaccident.
Sëlwer fir d’Marie Schreiber bei der Cyclocross-EM
Bei den U23-Damme war op der Europameeschterschaft just eng Cyclistin méi séier wéi d’Lëtzebuergerin, déi sech domadder eng Sëlwermedail séchere konnt. Am Interview um Dag dono huet si mat eis iwwert de Verlaf vun der Course awer och iwwert hir weider Ziler geschwat.