D'Woch op RTLMichelin-Stär fir Lëtzebuerger, Muechtkampf an der Formel 1 a Causa Meisch

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Iwwer 30 Joer op der Flucht

E Méindeg konnt déi däitsch RAF-Terroristin Daniela Klette festgeholl ginn. Si war an den 1990er Member vun der “Rote-Armee-Fraktion” an ënner anerem un engem Sprengstoffattentat op e Prisong an Hessen am Joer 1993 bedeelegt. D’RAF war wärend hirer aktiver Zäit fir de Mord u 34 Persoune verantwortlech. Iwwer 200 Leit goufe bei hiren Attentater blesséiert.

Kulinaresch Experimenter an enger Apdikt

De Mathieu Van Wetteren huet e laangen an interessante Wee hannert sech. Aus dem klenge Rebell, deen zu Dikrech an d’Hotelschoul goung, gouf e Kach, deen dëst Joer mat sengem éischte Michelin-Stär ausgezeechent gouf. D’Apdikt ass ee vun néng Restaurante mat engem Stär hei am Land, “Ma Langue Sourit” ass den eenzegen, mat zwee Stären.

Lëtzebuerger Sniper an Negociateuren

Wärend mer eis am éischten Deel déi lescht Woch mat der Organisatioun vun der Spezialunitéit beschäftegt hunn, stoungen am zweeten Deel vun eiser Serie déi verschidde Spezialisatioune vun de Polizisten bei der USP am Fokus. Kuckt déi éischt zwee Deeler am Replay a freet Iech op den drëtten Deel en Dënschdeg am Magazin.

Titel- a Muechtkampf an der Formel 1

Wärend et bei Red Bull am Moment richteg rumouert an et en interne Muechtkampf ëm d’Positioun vum Christian Horner gëtt, geet dann dëse Weekend och de Kampf ëm d’Punkten an der Formel 1 erëm un. De Red-Bull-Pilot Max Verstappen ass nees den Toppfavoritt op de Weltmeeschtertitel, wat hien och beim Grousse Präis vum Bahrain gewisen huet. Kuckt hei d’Course nach eng Kéier am Replay.

Rar Krankheete kommen net seele vir

De leschte Februar ass all Joer den Dag vun de rare Krankheeten. Mä wéini schwätzt een iwwerhaapt vu rare Krankheeten a wat ass de Rôle vun der Associatioun ALAN? Eleng hei zu Lëtzebuerg si ronn 30.000 Leit vun enger vun dëse Krankheete betraff. Mir hunn de 27 Joer ale Laurent Agostino begéint, deen eng seele Muskelkrankheet huet, an hu mat den Eltere vum 4 Joer alen Daniel geschwat, deem seng ganz Entwécklung duerch den Angelman-Syndrom massiv beanträchtegt ass.

Zweet gréisst Feier an den USA no e puer Deeg

Aktuell gëtt et am US-Bundesstaat Texas eng aussergewéinlech Hëtztwell. Dës huet dozou gefouert, datt d’Vegetatioun Ufank der Woch ugefaangen huet, mat brennen, an datt sech dat Feier a kuerzer Zäit zum zweetgréisste Vegetatiounsbrand an der Geschicht vun den USA ausgebreet huet. Op CNN schwätze se vun enger Fläch vun zwee Futtballfelder, déi hei all Sekonn ofbrennen.

Keng Suitten an der Causa Meisch

Den Educatiouns- a Logementsminister Claude Meisch krut jo vun enger Fra virgeworf, an enger Fra an engem Restaurant an der Stad geschloen ze hunn. E Méindeg huet et vun der Justiz awer geheescht, datt ee keng Elementer fonnt hätt, déi op eng penal Infraktioun géifen hindeiten.

Bloen Houscht mécht den Tour

Dëst d’Kéier goufen d’Eltere vu Kanner, déi am Lycée Ermesinde sinn, doriwwer informéiert. Eng Visitt vun der Inspection Sanitaire war dann en Donneschdeg, wou d’Impfunge géint de Bloen Houscht sollte kontrolléiert ginn.

Champion sicht Livemusek

En Donneschdeg den Owend war de fréieren ireschen UFC-Champion Conor McGregor an der Stad Lëtzebuerg um Tour. Hie war och der Sich no engem Bistro, wou Livemusek leeft.

Back to Top
CIM LOGO