D'Woch op RTLOlympesch Fakel aus Groussregioun, Israel attackéiert Hëllefsconvoi a Cannabis

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Iwwer 2.000 olympesch Flamen

A bal 4 Méint ginn d’Olympesch Spiller zu Paräis un. Bis dohinner gëtt déi olympesch Flam duerch Frankräich gedroen. Am ganze kommen dofir 2.000 Fakelen an den Asaz, déi vun ArcelorMittal net wäit hannert der Lëtzebuerger Grenz produzéiert goufen. No hirem Asaz ginn dës u Muséeën oder Partner fir e gudde Präis verkaf.

Israel gesteet Attack

7 Mataarbechter vun enger ONG si bei enger Attack op en Hëllefsconvoi ëm d’Liewe komm. E puer Stonnen no dësem Tëschefall huet Israel sech fir den ongewollten Ugrëff entschëllegt. Kritik doru gouf et vun ONGen awer och vun Alliéierten aus Europa an den USA.

Neit Cannabis-Gesetz an Däitschland

Den 1. Abrëll, an Nee, dëst ass keen Abrëllsgeck, ass dat neit Cannabisgesetz bei eisen Noperen a Kraaft getrueden. Dobäi ginn et gréisster Ënnerscheeder tëscht dem däitschen a lëtzebuergesche Gesetz. Déi genau Differenze fannt Dir op RTL.lu

Iesst Dir och gären a gutt?

Dann ass déi nei Emissioun op RTL eppes fir Iech. Bei “Gusto” dréint sech nämlech alles ëm dat gutt Iessen a mir kucken eis och un, wou d’Produiten hierkommen.

75 Joer NATO

Zanter iwwer 75 Joer gëtt d’North Atlantic Treaty Organization, déi dëst Joer mat Schweden hiren 32 Member bäikrut. Mir hunn eis d’Geschicht vun der Organisatioun, déi vu Lëtzebuerg mat gegrënnt gouf, e bëssen am Detail ugekuckt.

Doudesdag vum Kurt Cobain

E Freideg viru genee 30 Joer ass de Kurt Cobain gestuerwen. De Sänger vun Nirvana gëllt als e wichtege Vertrieder vum Grunge an als eng Zort Sproochrouer vun der “Generation X”. Trotz sengem groussen Erfolleg, huet de Cobain sech ëmmer als Aussesäiter gesinn.

Jonke Mann vun Zuch erfaasst

En trageschen Tëschefall gouf et en Donneschdeg de Moien zu Nidderkuer. Op der Gare gouf hei eng jonke Mann vun engem Zuch erfaasst. Hie sollt seng Blessuren net iwwerliewen.

Atomenergie fir Lëtzebuerg?

Dës Woch huet sech op der Tëlee villes ëm d’Atomenergie gedréint. An eiser Serie (Deel 1, Deel 2, Deel 3, Deel 4) sinn mer an der Geschicht zeréckgaangen an hu eis vun de Pläng iwwert eng Atomzentral zu Lëtzebuerg, iwwer Protester bis de Bau vu Kettenuewen d’Geschicht vun de Wierker zu Lëtzebuerg ugekuckt. D’Aussoe vum Premier Luc Frieden iwwer d’Atomenergie waren dann och Thema am Kloertext.

Ëmwee zu Dikrech

Dee mussen déi Leit, déi normalerweis iwwert d’Fisselsbréck ginn, elo maachen. Dës ass nämlech aus Sécherheetsgrënn, et gi Problemer mat de Kabelen, zou. D’Bréck wäert sanéiert ginn an et soll e provisoreschen Iwwergang kommen, dee bis ewell awer nach net gebaut ass.

Google op Lëtzebuerg: Nees am Gespréich

Déi onendlech Geschicht ëm de Google-Datenzenter gouf dës Woch nees lancéiert, nodeem de Minister Lex Delles am Background sot, datt nees Gespréicher lafen. D’Fro, déi sech stellt, éiert den Ultimatum dëst Joer ofleeft: Scheitert de grousse Projet zu Biissen un enger Strooss?

Back to Top
CIM LOGO