
GTA zu Esch
En alkoholiséierte Mann soll um Dënschdeg den Owend zu Esch ronderëm geschoss hunn. D’Police huet de Mann festgeholl an eng geluede Schosswaff a sengem Auto fonnt. De Mann koum de Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter a krut ënner anerem säi Fürerschäin ofgeholl, well en alkoholiséiert Auto gefuer ass.
Kee Fast and Furious méi zu Conter?
Nodeems Awunner d’lescht Woch schonn drop opmierksam gemaach hunn, dass zu Conter Autoscourse gefuer ginn, huet d’Police de leschte Weekend eng gréisser Kontroll gemaach, wou spezifesch Tuning-Autoen ënnersicht goufen. 94 Avertissement taxée goufen ausgestallt a 4 Gefierer goufen op der Plaz ofgeschleeft. Och d’Gemeng huet elo reagéiert an Verkéiersschwellen an d’Strooss gesat.
Nach méi Confort fir Staatsbeamten
Zu Schiere wäert am Dezember e Co-Woking-Space fir Staatsbeamten opgoen. Bis zu 22 Fonctionnairen aus dem Norde vum Land sollen hei schaffe kënnen, wann hinnen de Wee op d’Aarbecht ze wäit ass.
Och Scoute sinn net géint Hëtzt immun
Um World Scout Jamboree, deen dëst Joer a Südkorea ass, kämpft ee géint d’Hëtzt. D’Zuel vu medezineschem Personal gouf erhéicht, well Jugendlecher en Hëtzschlag haten. De Lëtzebuerger am Camp géif et awer gutt goen.
Trump viru Geriicht
Et ass schonn déi drëtte Kéier, dass de fréieren US-President Donald Trump viru Geriicht steet. Wann hie verurteelt gëtt, kéint dat mat enger laanger Prisongsstrof verbonne sinn. D’Uklo wäert u senger nächster Kandidatur awer warscheinlech näischt änneren. Hien huet ëmmer nach méi wéi d’Hallschent vun de Republikaner hannert sech stoen.
Rullt et bei Adapto?
No engem gréissere Skandal bei Adapto, wou eng eeler Damm falsch ofgesat gouf, stoung d’Annick Trmata vun der Verwaltung fir ëffentlechen Transport eisen Nolauschterer de Mëttwoch Ried an Äntwert amDir hutt d’Wuert.
Héich iwwer Jonglënster
An eiser neier Summer-Serie stellen Iech eis Journalisten hir léifste Reportage vir. Am éischten Deel hëlt den Olivier Cantani eis nach eng Kéier mat 200 Meter iwwer Jonglënster.
Iessen nom Ampelsystem
Zanter 2021 gëtt et d’Skala vum Nutri-Score op de Verpackungen och hei am Land fir lëtzebuergesch Entreprisen. Wat méi gréng, wat méi gesond, wat méi rout, wat méi ongesond. Den Nutri-Score definéiert den Nährwert vu Liewensmëttel. Elo gouf gekuckt wéi gutt dat bei de Lëtzebuerger Verbraucher ukënnt.
Heemlech Schwangerschaft bemol net méi sou heemlech
Eng Lëtzebuergerin vun 22 Joer krut wären engem Trëppeltour an engem kroateschen Nationalpark iwwerraschend e Puppelchen. Si soll d’Schwangerschaft virun hirem neie Frënd verheemlecht hunn.
Studéieren ouni Daach iwwert dem Kapp
Fir déi knapps 2800 jonk Leit, déi am leschte Schouljoer hire Secondaires-Diplom gepackt hunn, geet elo eng nei Etapp am Liewen un. D’Sich no der passender Studentewunneng wier awer net esou einfach, sou d’ACEL.
Am nächste Liewe ginn ech en Hond?
Ee Japaner verwandelt sech reegelméisseg mat engem liewensechte Kostüm vu bal 13.000 Dollar an de Border Collie “Toco”. Op Youtube deelt hien, wéi hien am Kostüm spadséiere geet an Tricke mécht.
Am Futtball
Nodeems schonn Hesper an Diddeleng an der Conference-League-Qualifikatioun gespillt hunn, waren en Donneschdeg Nidderkuer an Déifferdeng am Asaz. Souwuel Nidderkuer wéi och Diddeleng fléien no der Verlängerung eraus.