D'Woch op RTLSchlecht Wieder, e grousse Changement um Haff a 400 Mierschwéngercher an Nout

Sarah Cames
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
© RTL-Grafik

Kirk a Milton brénge schlecht Wieder

Fänke mer mat engem Dauerbrenner-Thema un: d’Wieder. Dat war dës Woch zu Lëtzebuerg besonnesch schlecht. Schold war den Ex-Hurrikane Kirk, dee Reen a plazeweis Iwwerschwemmunge mat sech bruecht huet. An den USA sinn iwwerdeems Millioune Leit virum Hurrikane Milton geflücht.

Vum Ierfgroussherzog zum Lieutenant-Representant

Den Ierfgroussherzog Guillaume gouf dës Woch an enger grousser Zeremonie zum Lieutenant-Representant ernannt an wäert doduerch méi Aufgabe vu sengem Papp iwwerhuelen. Dat soll dann eng Zitat “relativ kuerz” Iwwergangsphas aleeden, ier den Ierfgroussherzog selwer Grand Duc gëtt.

Déiereschützer retten Honnerte Mierschwéngercher

Zu Viichten hunn Déiereschützer d’lescht Woch eng onschéin Decouverte gemaach. Bei Privatleit goufen iwwer 400 Mierschwéngercher fonnt, déi deels an engem schlechten Zoustand waren. Fir déi iwwerliewend Déiere ginn elo nei Doheemer gesicht.

Budget fir 2025 gouf presentéiert

Wéi wëll d’Regierung d’Recetten d’nächst Joer investéieren? De Finanzminister huet e Mëttwoch an der Chamber ee Plang presentéiert, mat deem ënnert anerem am Beräich Logement Ureizer solle geschaaft ginn. Aus der Oppositioun koum allerdéngs ënner anerem d’Kritik, de Budget wier net konkret genuch.

Iraneschen Artist huet d’Land misse verloossen

An der Kulturzeen war dës Woch iwwerdeems d’Schicksal vun engem iraneschen Artist Haaptgespréichstheema. De Mann, deen zu Lëtzebuerg studéiert huet an och hei eng Aarbecht hat, huet de Grand-Duché misse verloossen, well hie keng nei Openthaltsgeneemegung krut. An dësem Dossier kéint de leschten Akt allerdéngs nach net gespillt sinn...

Méi streng Reegele bei Verpakungen

Da gouf et dës Woch dann och nach d’News, datt ënner anerem Pizza-Kartrongen zu Lëtzebuerg vum 1. Januar u kéinte verbuede ginn. Hannergrond ass ee méiglecht neit Gesetz, dat iwwerflësseg Verpakunge soll verhënneren. Restaurante stelle sech elo awer d’Fro, wéi si da vun nächstem Joer un hiert Iessen ausliwwere sollen.

Polarliichter iwwer Lëtzebuerg

An der Nuecht op e Freideg ware plazeweis iwwer Lëtzebuerg Polarliichter ze gesinn. Obwuel d’Wiederbedéngungen net ideal waren, konnten RTL-Lieser eng ganz Rei beandrockend Fotoe maachen.

Krümelmonster hannert dem Steier

D’Police zu Dortmund huet net schlecht gestaunt, wou si op der däitscher A45 een Auto geblëtzt hunn. Hannert dem Steier souz keen anere wéi d’Krümelmonster. Wat op deng éischte Bléck witzeg ausgesäit, ka ganz séier doudeescht ginn, hunn d’Beamte gewarnt. Esou Kostümer schränken d’Siichtfeld staark an, esou dat de Risk vun engem Accident héich ass.

Back to Top
CIM LOGO