
Schwaachen Optakt
Et war e schwaachen Optrëtt vun de Roude Léiwen an der Nations League, deen zu enger 0:2 Néierlag an Nordirland gefouert huet.
Dramatesch Situatioun zu Veianen
An der Schwämm, déi zanter kuerzem erop op ass, war leschte Freideg bal e Kand erdronk. D’Famill mécht schwéier Virwërf, wärend dem Buergermeeschter no de CGDIS d’Schwammmeeschter fir hir Aarbecht gelueft huet.
Ëmmer méi illegal Tuningtreffen
Wärend den Tuning fir eng Rei Leit eng grouss Passioun ass, ville sech aner Persoune dovunner belästegt. Grad, wann et illegal Treffe hei am Land ginn, déi fir vill Kaméidi suergen. D’Police constatéiert dann ëmmer méi esou net ugemellte Meetingen am Grand-Duché.
Frankräich huet en neie Premier
Zwee Méint no de Walen huet de President Macron dem fréiere Minister, EU-Deputéierten a Brexit-Negociateur Michel Barnier d’Aufgab ginn, eng nei Regierung op d’Been ze stellen. Oppositioun géint dëse Choix gouf et scho vu méi Parteien a Frankräich.
Ni ze al, fir sech ze bestueden
De fréiere Wetten-Dass-Moderator Thomas Gottschalk huet sech op Ibizia bestuet, dat am zarten Alter vu 74 Joer. Seng nei Fra Karina ass 12 Joer méi jonk a soll wuel dem Entertainer säi Familljennumm unhuelen.
Aarbechtszäitverkierzung fir e puer Leit Realitéit
Schonn zanter iwwer engem Joer ginn et Entreprisen, déi eng 32-Stonne-Woch bei selwechtem Gehalt ubidden. Flibco huet véier Joer un engem Konzept geschafft, wat een dunn 2023 a Musek ëmgesat huet.
Rentrée um Radio mat ganz neiem Programm
Nei Auerzäiten, nei Journallen, neie Programm. Vun e Méindeg u verännert sech fir d’Rentrée op RTL Radio Lëtzebuerg ganz vill, dorënner déi neie Piste fir d’Journallen um 7 Auer, 12 Auer a 17 Auer. D’Detailer zu all de Verännerunge fannt Dir hei.
Putin an der Mongolei
Trotz engem internationalem Haftbefeel, deen d’Mongolei u sech Verflicht, de russesche Staatschef festzehuelen, ass de Wladimir Putin an der Mongolei als Éieregaascht empfaange ginn. De Putin war am Kader vum 85. Joresdag vun der Victoire vun de sowjeteschen a mongoleschen Truppen iwwer Japan an d’Land gereest. Kritik un dëser Visitt an dem net vollstrecke vum Haftbefeel koum ënner anerem aus der Ukrain.