
E Bléck an d’Stären
D’Woch huet mat engem Himmelsspektakel ugefaangen, deen nawell vu ville Leit zu Lëtzebuerg suivéiert gouf. Iwwer 100 Fotoe krute mir no engem Opruff vun RTL-Lieser erageschéckt, déi den éischte Vollmound vum Joer (Wollefsmound) an de Koméit Atlas festgehalen haten.
Gëfteg Substanz bei Autopsie vu Mupp fonnt
Am August 2024 hat de Fall vu fënnef Hënn, déi an enger Déierepensioun am Süde vum Land ëm d’Liewe komm sinn, fir vill Opreegung gesuergt. Elo steet op d’mannst d’Doudesursaach vun engem vun de Muppe fest: Wéi de Parquet en Dënschdeg matgedeelt huet, gouf am Déier eng gëfteg Substanz nogewisen, wéi se zum Beispill a Rategëft zum Asaz kéint kommen. Aner Facteure solle sech awer och nach op dem Hond säin Doud ausgewierkt hunn.
Tëschefall op Basketmatch vun der U14
D’Residence Walfer hat en Dënschdeg an de Soziale Medie matgedeelt, ee vun hiren Trainere wier no engem Match vun engem Papp vun der anerer Säit “zesummegeschloe” ginn. De Basket Zolwer hält deem entgéint, de Post wier “eesäiteg” a géif net der realer Situatioun entspriechen. An engem Interview mat RTL sot den FLBB-President Samy Picard, den Tëschefall géif elo analyséiert ginn, ma et géif beim concernéierten Trainer och schonn “eng Virgeschicht” ginn. Affaire à suivre deemno...
Bankomat zu Reisduerf gesprengt
D’Awunner zu Reisduerf huet et an der Nuecht op e Freideg mat engem haarde Knuppen aus dem Bett geheit. Onbekannter hunn de Bankomat am Gebai vun der Gare gesprengt an hu sech duerno a Richtung Däitschland fortgemaach. D’Police huet d’Ermëttlungen opgeholl.
Wafferou tëscht Israel an der Hamas
Méi wéi 15 Méint dauert de Krich tëscht Israel an der Hamas an der Gazasträif elo schonn. Dës Woch konnte sech béid Parteie mat Hëllef vu Vermëttler aus den USA, dem Katar an Ägypten op eng Wafferou eenegen, déi - trotz Hürden op de leschte Meter - e Sonndeg a Kraaft trëtt.
Restaurateure beschwéiere sech iwwer “No shows”
Restauranten hunn ëmmer méi dacks mat Gäscht ze dinn, déi en Dësch reservéieren an dann awer net opdauchen. “Et ass manner Respekt do”, fënnt de Restaurantsbesëtzer Steve Pfeiffer, wärend de Stäre-Kach Cyril Molard souguer vu ronn 35.000 Euro Ëmsazverloscht schwätzt, dee säin Etablissement 2024 wéinst “No shows” gemaach hätt.
Fra zu 25 Joer Prisong verurteelt
Am Februar 2022 huet eng Fra zu Heeschpelt hire Mann mat engem Hummer erschloen, wärend hien um Bett Tëlee gekuckt soll hunn. Woche méi spéit huet d’Police de Mann, deen antëscht als vermësst gemellt gi war, am Keller vum Haus fonnt. D’Fra, déi Schizophrenie huet, krut dës Woch 25 Joer Prisong vum Geriicht.
400 amplaz vu 4.000 Parkplazen um Findel
Vum 2. Mäerz u wäert den Tram op de Fluchhafe fueren. Mat geplangt war u sech och ee Pôle d’echange, deen nieft enger Busgare och ee Park and Ride mat bal 4.000 Plaze sollt hunn. Ier den “Héienhaff P+R” fäerdeg ass, wäert et awer wuel nach daueren. Aus dem Ministère heescht et, dass fir d’éischt emol just 400 Plazen net gebaut ginn an och d’Busgare wäert ufanks nëmmen zwee Quaien hunn. Laangfristeg wëll een awer ëmmer nach op 4.000 Plaze kommen an d’Busgare op 12 Quaien ausbauen.
Demokratie a Gefor?
Virun dem Donald Trump senger Inauguratioun e Méindeg, déi mir op RTL.lu am Liveticker an am Stream wäerte weisen, gouf en Donneschdeg am Kloertext an der Ronn doriwwer diskutéiert, wéi vill Muecht an der Hand vun nëmmen engem Grappvoll Leit dierf leien. Sinn den Donald Trump an den Elon Musk, deem jo ënnert anerem d’Plattform X gehéiert, eng Gefor fir eis Demokratien? Déi verschidden Usiichten dozou fannt Dir hei.