D'Woch op RTLUber zu Lëtzebuerg, Plainte maachen a Permis verléieren a Feier zu Leideleng

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Detailer nach net gewosst

A ronn sechs Wochen ass et esou wäit: Uber wäert och zu Lëtzebuerg accessibel sinn, dat an engem Partenariat mat Webtaxi.

Är beschte Pizza

Dir hutt fir Är bescht Pizzaen am Land ofgestëmmt: D’Plazen 1 bis 3 ginn un “Um Moart” zu Réimech, “Stella Rosa” zu Zolwer a “Coma à la Maison” an der Stad. Déi ganz Top 20 mat weideren Detailer fannt der an eisem Artikel.

Hutt Dir en och gesinn?

Den Erling Haaland vu Manchester City war en Dënschdeg an der Stad op Shopping Tour. Trotz Bodyguarden hu vill Leit profitéiert, fir mam Top-Scorer aus der Premier League eng Foto ze maachen.

Hie wier besser doheem bliwwen

E Mann war en Dënschdeg den Owend op de Policebüro gefuer, well säin Auto beschiedegt gouf an hien eng Plainte wollt maachen. De Problem bei der Affär: D’Affer war selwer staark alkoholiséiert, wéi et sech hannert d’Steier vu sengem Auto gesat huet. Dofir hunn d’Beamte d’Plainte wuel op, ma dem Mann och de Permis ofgeholl.

Feier zu Leideleng fuerdert ee Liewen

E Sonndeg hat am Zentrum zu Leideleng eng Scheier Feier gefaangen. Wärend de Läschaarbechten ass dunn awer kloer ginn, datt eng Persoun dobäi ëm d’Liewe koum, eng Enquête gouf lancéiert. Problematesch fir d’Awunner an och d’Schoul an der Ëmgéigend sinn d’Eternit-Stécker a Placken, déi a Brand gerode waren. Dowéinst hunn Asbest-Miessunge missten duerchgefouert ginn an d’Gebaier an der Ëmgéigend hu missten hir Dieren a Fënsteren zouloossen. E Freideg huet d’Gemeng awer Entwarnung ginn.

Puer déidlech Tëschefäll zu Lëtzebuerg

Wärend an der Stad eng Läich vun enger Fra op der Präisser Plaz entdeckt, gouf et eng änlech Situatioun am Haff vun enger Crèche um Belval. A béide Fäll huet d’Police Friemawierkung ausgeschloss.

En Dag an zwou Traditiounen

Wärend déi eng Leit um 1. Mee e Meekranz gemaach hunn, hunn ënner anerem déi grouss Gewerkschaften OGBL an LCGB hir Memberen op hir Éischt-Mee-Feier invitéiert, wou si hir politesch Fuerderungen nach eng Kéier ausgedréckt hunn.

De Marco geet op Malmö

Nee, hien ersetzt net d’Tali, fir fir Lëtzebuerg bei den Halleffinallen unzetrieden, mä hie wäert kënne live bei der Finall vum Eurovision am Publikum dobäi sinn.

Back to Top
CIM LOGO