D'Woch op RTLVill ze di fir d'Police, Ni Xia Lian begeeschtert Public a Lëtzebuerger Commerce

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
© RTL Grafik

Zwee Policebeamten am Asaz blesséiert

En Dënschdeg goufen zwee Polizisten am Asaz blesséiert. Dat ewéi d’Police en Automobilist unhale wollt, deen tëscht Giewel a Gëtzen wéinst sengem Fuerstil opgefall war. Dësen ass doropshi geflücht. Et koum zu enger Poursuitte un där hirem Enn de Chauffer mat engem Police-Won kollidéiert ass. Zwee Beamte goufen heibäi liicht blesséiert a koume fir eng Kontroll an d’Spidol.

Beamte schéisst am Déngscht mat senger Waff

E Mëttwoch gouf d’Police wéinst engem Abrochversuch an e Gefier op Mamer geruff. Op Nofro huet et geheescht, datt d’Police géint 11.25 Auer an der Rue des Roses zu Mamer eng Persoun gemellt kritt hat, déi do versicht huet, an e Gefier anzebriechen. De Verdächtege wier do och lokaliséiert ginn, wier awer mat engem Auto geflücht.

D’Beamten hätte versicht, de Fluchtauto ze stoppen. Den Täter wier op d’Police duergefuer, dowéinst hätt e Beamten zwee Mol mat senger Déngschtwaff op d’Gefier geschoss, sou de Pressebüro vun der Police. Den Täter ass dono zu Fouss geflücht, konnt um Enn awer festgeholl ginn.

D’IGP gouf op d’Plaz geruff, well vun enger Déngschtwaff Gebrauch gemaach gouf.

Lëtzebuerger Dëschtennisspillerin begeeschtert Public zu Paräis

D’Ni Xia Lian gouf am zweeten Tour vun den Olympesche Spiller géint d’Nummer eent vun der Welt am Dëschtennis eliminéiert. Dat ännert awer näischt drun, dass si sech zu Paräis an d’Häerzer vum Public gespillt huet. Um Enn gouf et fir si esouguer Standing ovations.

Ma och an den internationale Medie suergt d’Dëschtennisspillerin fir Begeeschterung. No hirem Match huet si nach wärend méi ewéi enger Stonn d’Froe vun der Press beäntwert.

Manner flott waren dës Spiller fir d’Triathletin Jeanne Lehair. Si huet no 12 Kilometer wéinst engem mechanesche Problem un hirem Vëlo missen opginn.

Iwwer e gelongenen Optakt vun hiren Olympesche Spiller konnt sech dogéint d’Patrizia van der Weken freeën. D’Sprinterin kënnt an hirem Virlaf iwwer 100 Meter op déi zweet Plaz a qualifizéiert sech domat fir d’Halleffinall.

Wéi et fir déi aner Lëtzebuerger Athlete gelaf ass respektiv lafe wäert, gitt Dir an eisem Olympia-Ticker gewuer.

D’Erausfuerderunge vum Lëtzebuerger Eenzelhandel

D’Journaliste vun der RTL-Tëleesredaktioun hu sech ugekuckt, wéi et op verschiddene Plazen uechter d’Land ëm de Commerce steet. An den éischten zwee Deeler vun der Serie ware si zu Esch an zu Ettelbréck an hu sech ugekuckt, mat wéi engen Erausfuerderungen déi lokal Geschäftsleit konfrontéiert sinn a wéi si versichen, dës ze léisen.

Dräi Kanner bei Messerugrëff a Groussbritannien gestuerwen

Am brittesche Southport koum et e Méindeg géint 11.50 Auer zu engem bluddege Virfall. E Mann huet Leit mat engem Messer attackéiert, dorënner Kanner. Dräi Kanner sinn hei gestuerwen an néng goufe blesséiert. Fënnef vun hinne schwéier. De brittesche Premier Keir Stramer an de Prënz William hu sech op de Soziale Medien vun der Dot entsat gewisen.

No 10 Joer Bauzäit: Transversale vu Clierf geet fir den Trafic op

E Méindeg ass d’B90, déi sougenannt Transversale vu Clierf, komplett fir den Trafic opgaangen. D’Strooss verbënnt d’N12 mat der N7. Si soll Clierf virun allem vun deene Camionen entlaaschten, déi vun der N7 erfort an d’Zone industrielle Lenzweiler fueren. Bei Ponts et chaussées geet een dervun aus, datt am Ganzen 10.000 Gefierer den Dag iwwert d’Transversale wäerte fueren.

De Projet gouf ee gudde Krack méi deier ewéi am Ufank gemengt. Amplaz 36 Milliounen Euro huet déi 3,7 Kilometer laang Strooss um Enn 73 Milliounen Euro kascht.

De Xavier Bettel fënnt däitlech Wierder an der Causa Caritas

Concernéiert wieren déi Äermste vu Lëtzebuerg an an der Welt, an hie géing do schwéier Wieder fannen. Ma et wier eng Sauerei, deenen äermste Leit Suen ewechzehuelen. Dat sot den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel zu der Caritas-Affär um Wee op d’Aarbechtsvisitt a Jordanien.

Och an der Kooperatioun hätt de Staat Projete mat der Caritas lafen. Den Ament géing een nach déi komplett Montanten hei analyséieren. Schliisslech géing et sech net just ëm ëffentlech Lëtzebuerger Gelder a Privat-Doen handelen, mee och em EU-Gelder.

Back to Top
CIM LOGO