D'Woch op RTLZebu-Stéier dout opfonnt, deieren Trace fir A31bis an Äddi Token

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Vermësst, maltraitéiert, ëmbruecht an zeréckbruecht

D’Schicksal vum Zebru-Stéier Simba huet vill Leit am Land schockéiert. D’Déier gouf Ufank Januar vu senger Weet geklaut a gouf Ufank dëser Woch dout a maltraitéiert nees do placéiert. Dotëscht war eng gréisser Sichaktioun lancéiert ginn. D’Police huet wéinst dëser Affär Ermëttlungen opgeholl.

Wäit iwwer 100 Asätz wéinst Reen a Stuerm

De ville Reen um Donneschdeg huet fir héich Flëss, Stroumausfäll an divers Aläerte gesuergt. Op ville Plazen hat ee sech op Héichwaasser preparéiert, wat awer bal iwwerall ausbliwwen ass. De CGDIS schwätzt vun iwwer 130 Asätz, dorënner eng Persoun, déi ënnert engem Bam ageklemmt gouf. Am Laf vum Freideg hunn d’Peegele vun de Flëss nees ugefaangen ze falen.

10 gutt Minutte sinn duergaangen

Esou kann een den Optrëtt vun der Lëtzebuerger Basketnationalekipp an der WM-Prequalifikatioun kuerz a knapp resuméieren. Nodeem si déi éischt dräi Véierelen a Rumänien ënnerleeë waren, hu si an de leschten 10 Minutten e spektakulären 29:12 fäerdegbruecht, sech an d’Verlängerung gerett an do d’Partie gewonnen.

Trace bekannt, mä et gëtt deier

Dës Woch gouf de genauen Trace fir déi franséisch A31bis presentéiert, déi jo quasi un d’Diddelenger Autobunn soll ugebaut ginn. Wat an der Affär fir vill Kritik suergt, ass d’Aféiere vun engem Peage op enger Streck, déi bis ewell gratis war. All d’Frontalieren, déi d’Autobunn notze wëllen, musse mat bis zu 8 Euro den Dag rechnen, wa seng “Carte de fidelité” hunn.

Wat ass genee geschitt?

Déi Fro stelle sech vill Leit am Zesummenhang vum Doud vum Kreml-Kritiker a russeschen Oppositiounspolitiker Alexej Nawalny. No engem Spadséiergang am Haff vum Prisong am Norde vu Russland soll den Nawalny zesummegebrach a gestuerwe sinn. Ma weder seng Famill nach seng Supporter gleewen dëser Ausso vun de russeschen Autoritéiten. Kritik um Kreml a Russland kënnt awer net just vun den direkte Kritiker, ma och vu ville Staats- a Regierungscheffen.

Kee Sécheren Zougang? Keng Gemengentax!

Dat denkt sech en Awunner vu Waasserbëlleg. De Mann, deen op eng Géihëllef ugewisen ass, kënnt wéinst engem Chantier net méi gutt an nach méi uerg, net méi sécher a säin eegent doheem. Well d’Gemeng net op seng Reproche adequat reagéiert, huet de Betraffenen einfach reagéiert: Hie bezilt keng Gemengentax méi!

Den Token am leschte Joer

Well de LuxTrust-Token net sécher genuch ass, wäerten dës den 31. Dezember 2024 auslafe gelooss ginn. Vun deem Ament un kënne se och net méi genotzt ginn, fir sech iergendwou ze identifizéieren. Als Alternativen huet een de physesche LuxTrust-Scan oder eeben d’Applikatioun um Handy. Déi sinn an hirer Technik däitlech méi nei an dowéinst och méi sécher, wéi de 16 Joer alen Token.

No jorelaange Verhandlungen: E Bléck hannert d’Kulisse vun der USP

Eise Reporter Dan Wiroth huet siwe Joer laang verhandelt, fir dierfen e Reportage iwwert d’Spezialunitéit vun der Police ze dréinen. 8 Deeg laang war hie mat dobäi, wéi d’USP hirer Aarbecht nogaangen ass oder trainéiert huet. Den éischten Deel vum Reportage fannt der elo am Replay, déi zwee aner kënnt der déi nächst zwee Dënschdeger am Magazin gesinn.

Police lancéiert Appell no Brand

Ufank der Woch hat et am Parkhaus vun den CFL um Belval gebrannt. Dësem Feier si sechs Autoen zum Affer gefall. D’Police huet elo en Opruff lancéiert, datt sech d’Besëtzer vun dëse Ween bei hinne melle sollen.

Back to Top
CIM LOGO