Léift an der Zäit vum Corona: Liebespaaren, déi grausam ausernee gerappt gi wéinst gespaarte Grenzen ...

Koppelen, déi brutal zesummen agespaart sinn a sech zanter Wochen net méi aus de Féiss kommen, Singelen déi aarmséileg a ganz eleng doheem setzen... Egal zu wéi enger Kategorie der gehéiert, hei sinn eng Rei Serien, déi ee ka kucken, fir erëm e bësse Romantik a säi Liewen ze bréngen.

Baséiert op de Bicher vum Diana Gabaldon erzielt “Outlander” d‘Geschicht vum Claire Randall. Si besicht mat hirem Mann 1946 Inverness a Schottland, a wéi se duerch d‘Steng vun Craigh na Dun geet, lant se am Joer 1743. Well se Infirmière am zweete Weltkrich war, kennt se sech mat Medezin aus a gëtt vun engem Grupp schottesch Highlander opgeholl.

Gefaangen an der Vergaangenheet, verdächtegt entweder e brittesche Spioun oder eng Hex ze sinn, bleift dem Claire näischt anescht iwwreg, fir sech mam Jaimie Fraser, e vun den Highlander, ze bestueden. Si probéiert, esoubal se kann, erëm zréck an hir Zäit ze kommen, mä gëtt vun den Englänner gefaange geholl. Wéi se méi spéit nach eng Kéier d’Geleeënheet kritt, zréck Heem ze goen, decidéiert se, aus Léift beim Jaimie ze bleiwen.

Outlander ass eng epesch Libesgeschicht, déi iwwer Joerzéngten an duerch Joerhonnerte geet, hin an hier tëscht verschiddenen Zäiten an Epochen. D’Koppel erlieft dobäi eng ganz Rei brutal an traumatesch Saachen, déi se duerch hir Léift zouenee iwwerwannen. A wann d’Claire an den Jamie et packen, trotz de schlëmme Saachen, déi siei erliewen, nach beieneen ze bleiwen, da misst esou eng kléng Quarantän jo fir all Koppel ze packe sinn.

Déi véier éischt Staffele sinn op Netflix.

D'Deeler aus "Romantesch Serien"

D'Deeler aus "Serien aus der gudder aler Zäit

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"