
Den 11. Juni si Gemengewalen an den 8. Oktober Chamberwalen. Bis dohinner wäert wéi gewinnt nach den een oder anere Skandälchen an eisem Land op de Pabeier geprint ginn oder iwwer d‘Antenne goen. Allerdéngs ouni dass sech vill ännert, bedauert d‘Annick Goerens an hirem Commentaire.
D'Englänner hunn een excellent Wuert dofir: Accountability. Ech schwätzen dovunner, politesch Responsabilitéit z'iwwerhuelen, Rechenschaft ofzeleeë fir seng Aktiounen. Dat ass eppes un deem et an dësem Land nawell feelt. An dobäi goufen et scho vill Skandaler an Skandälercher.
Ugefaange mat eisem Premier, deen der schonn e puer ugesammelt huet iwwer déi lescht 10 Joer. De Xavier Bettel huet Party gemaach am Strip-Club Saumur hei an der Stad wärend dem Lockdown. All Mënsch huet mussen doheem bleiwen an de Premier war Party maachen oder zu Paräis, fir e Weekend z'entspanen.* Donieft seng Plagiatsaffär, also d'Gefuddels bei der Ofschlossaarbecht fir den DEA (Diplôme d‘études approfondies) op der Uni. Dann huet de Premier, wéi vill aner Ministeren iwwregens och, seng Leit gutt placéiert. Mir erënneren eis un de Copain vum Premier, de Laurent Loschetter, deen am Verwaltungsrot vum MUDAM an vum Radio 100,7 placéiert gouf. Wann ech allerdéngs virufuere mat Nominatioune vun héijen Staatsposten, déi just duerch gutt Relatiounen entstane sinn, da sinn mer muer nach amgaangen.
Dem Xavier Bettel seng Parteikolleegin, d'Familljeministesch Corinne Cahen huet och schonn déi eng oder aner komme gelooss. Ugefaange mat engem Interessekonflikt, wou déi fréier DP-Parteipresidentin als Ministesch mat hirer offizieller Emailaddress hirem Bréif un de Stater Geschäftsverband méi Gewiicht wollt ginn. An deem Bréif huet si sech beschwéiert, dass de Verband net genuch géing maachen, fir de Commerce an der Avenue de la Liberté z'ënnerstëtzten, dee jo duerch d'Tram-Aarbechte gelidden huet. An der Strooss ass bekanntlech jo och hire Schongbuttek. Donieft hat d'Corinne Cahen dann och eng Wunneng iwwer AirBnB verlount. Wuel gemierkt hu mer eng Logementskrise hei am Land. Donieft ass si och der Meenung, dass et sech beim Verloune vun enger Wunneng op AirBnB net ëm eng kommerziell Aktivitéit handelt. Ah bon?
Op d'Informatiounspolitik vum Corinne Cahen wärend der Corona-Pandemie, wat zum Beispill d'Restriktiounen an och d'Doudeszuelen an den Altersheemer ugeet, ginn ech elo mol guer net an.
E weidert gutt Beispill, wéi Lige bal ni gestrooft, mee och nach belount ginn, ass den DP-Politiker Pierre Gramegna. Hie bräicht Zäit fir d'Famill, dofir ass hien als Finanzminister zeréckgetrueden. Net allze laang duerno gouf hie Chef vum ESM, dem europäesche Stabilitéitsmechanismus.
Bei de Gréngen, do huet et effektiv gerabbelt. Awer eréischt nom x-te Skandal, an och op eegene Wonsch vun der fréierer Ëmweltministesch Dieschbourg. D'Gaardenhäischen-Affär huet de Roberto Traversiniseng Plaz als Deputéierte kascht an huet och e weidere Krack am Carole Dieschbourg hirer Fassade hannerlooss, well de Reproche vum Favoritismus am Raum stoung. Dobäi koum d'Affär Superdréckskëscht an d'Affär vum Ieselsstall vun hiren Elteren op der Specksmillen.
D'Kultur- a Justizministesch Sam Tansonass iwwer d'Affär BNL gefall, wou si per force wollt hir Jugendfrëndin Joanne Goebbels un d'Spëtzt vun der Nationalbibliothéik setzen. De Reproche vun Nepotismus a politeschen Ofmaachungen steet am Raum.
Och de fréieren LSAP-Minister Dan Kersch huet schonn eng Rei Saache komme gelooss. De Sozialist huet sech zum Beispill dogéint ausgeschwat, fir den Independante wärend dem Lockdown méi pauschal ënnert d'Äerm ze gräifen, schliisslech wieren de Gros dovunner räich Affekoten an déck Patronen, déi mat breedem Grinsen an hire Ferrari'e géinge fueren. Dës missten dann a Krisenzäiten op d'Zänn bäisse kënnen, well se laang gutt genuch Geld gemaach hätten, seet de Sozialist Dan Kersch. Autsch.
D'Lëscht ass nach vill méi laang, mee méi Zäit kréien ech op dëser Plaz net. D'Taktik vun de Politiker geet leider meeschtens op. Se stiechen de Kapp an de Sand, setzen de Stuerm aus. E Stuerm am Waasserglas, wéi si soen. A si hu Recht, well d'Welt dréint virun an e puer Wochen drop ass nees alles vergiess. Ech héieren dacks d'Argument, dass net all Politiker kéint zerécktrieden, well soss kee méi do wier, fir d'Bud ze schmäissen. Dat gleewen ech net. Et brauch méi politesch Verantwortung an och méi Éierlechkeet. Et muss een net fir all Faux-pas zerécktrieden, mee dofir astoe kann een. Sech entschëllegen kann een och.
* Nodréiglech Ajoute: fir präzis ze si war d’Party am Saumur wärend der Zäit vum Covid-Check an de Weekend zu Paräis wärend dem Lockdown.