An eiser Serie iwwert d'Gesondheetskeess zu Lëtzebuerg kucke mer dës Woch iwwert eis Grenzen eraus.

Vill Studente preparéieren hiren Depart op d'Uni elo schonn. Ma op wat soll een oppassen, wann een am Ausland studéiert? Wat geschitt, wann ech während menge Studien krank ginn?

Den Tim Morizet kuckt mat der CNS hannert d'Kulissen.

AUDIO: Serie CNS (26. Deel) - Studenten am Ausland

Duerch e Sozialversécherungsofkommes tëscht Lëtzebuerg an den 28 Länner vum Espace Economique Européen ass all Student am Ausland automatesch vun der CNS verséchert.

Dobäi kommen nach Länner, mat deene Lëtzebuerg e bilateraalt Ofkommes huet. Dat sinn hei Bosnien-Herzegowina, Serbien, Mazedonien, Montenegro, Tierkei, Tunesien, de Québec, an de Cap-Vert.

Fir d'Immatrikulatioun op sou muencher Uni brauch een eng Bestätegung, dass ee vun der gesetzlecher Krankeversécherung erléist ass.

D'Bestätegung ass an deem Fall am Prinzip d'Matricule-Käertchen. An de Länner mat dem bilateralen Ofkommes do zielt e Formular, deen ee bei der CNS kritt an och iwwer Internet ufroe kann. De Formulaire E128 gëtt et zënter 2004 net méi.

Et soll een awer oppassen, wann ee sech am Ausland traitéiere léisst, fir net als Privatpatient, mä als Keesepatient behandelt ze ginn. Well soss ganz grouss Käschte kënnen opkommen, déi ee muss aus eegener Täsch bezuelen. Mä dat gëllt jo net nëmme fir d'Studenten, mä dat gëllt am allgemengen, fir Leit, déi sech am Ausland traitéiere loossen.

Studielänner ewéi d'USA, Kanada, Japan oder Australien ginn och zu Lëtzebuerg ëmmer méi beléift. Wann et awer elo esou wäit ewech goe soll, ass et sënnvoll eng Privat Versécherung ze hunn. Dës Länner gi vun der CNS nämlech just als Pays-Tiers ugesinn.

Wat maache wann dem Student eppes geschitt, an d'Eltere wëllen e rattrapéieren?

Rapatriement ass nëmmen dann en Charge vun der CNS, wann den Transport aus der auslännescher Klinik an eng Lëtzebuerger Klinik geschitt. An dann nach nëmme fir déi éischt 400 Kilometer. Dobäi muss den auslänneschen Dokter de Patient fräiginn an zertifiéieren, datt hie kann transportéiert ginn.

Fir esou ee Fall ass et och nees sënnvoll, eng Zousazversécherung ze hunn.

RTL

D'CNS-Serie am Iwwerbléck