Serie Rentrée - Deel 7: SEW-OGBL"Fir de Claude Meisch ass dat Wichtegst seng Aussenduerstellung"

RTL Lëtzebuerg
Seng Mesurë wiere just “PR” a géingen net op déi grouss an deels “dramatesch” Problemer am Enseignement wierken.

Dat sot d’Enseignantsgewerkschaft SEW-OGBL um Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz fir d’Rentrée.

D’Gewerkschaft ass zum Beispill skeptesch wat d’Aféiere vun enger Hausaufgabenhëllef ugeet, déi de Minister ugekënnegt huet. Et géing nämlech kaum Aussiicht ginn, dat néidegt Personal oder Infrastrukturen ze fannen. D’selwecht gëllt wat d’Annonce vum Minister ugeet fir d’Schoulflicht op 18 Joer z’erhéijen. Och hei hätt de Claude Meisch erëm ouni een ze consultéieren eng Mesure annoncéiert, ouni awer e Plang fir d’Ëmsetzung ze hunn.

Dem Claude Meisch seng Pressekonferenz wier dem SEW no eng “penibel Selbstduerstellung” gewiescht.

Als gréisst Problemer am Fondamental huet den SEW de Manktem u Personal genannt, mä awer och d’administrativ Laascht an d’Ofschafe vun der Cogestioun. D’Gewerkschaft fuerdert ënnert anerem eng Upassung vum Contingent, also vun de Stonnen, déi Schoulen kréien, d’Reaffektatioun vu Spezialisten an d’Schoulen an en Ofbau vum administrativen Opwand.

De Sew huet bedauert, datt de “Prestige” vum Beruff vun Enseignant déi lescht Joren “zerstéiert” gouf. A tel Point, datt Enseignante sech net méi géingen trauen anere Leit ze soen, wat hire Beruff ass.

Op Säite vum Secondaire huet den SEW op d’mannst begréisst, datt d’Covidkris gutt gemeeschtert gi wier. Dat wier awer de Verdéngscht vum Schoulpersonal.

Rentrée 2021: Schoulflicht soll op 18 Joer eropgesat ginn, esou de Claude Meisch
Serie Rentrée - Deel 1: Wat wënschen d’Eltere sech?
Serie Rentrée - Deel 2: Uni: En eidele Campus wëllen d’Studenten net méi gesinn
Serie Rentrée - Deel 3: Vun Ettelbréck op Gilsdref: D’Ackerbauschoul kritt eng nei Adress
Serie Rentrée - Deel 4: Educatioun: Quereinsteiger-Programm fir de Beruff vum Enseignant
Serie Rentrée - Deel 5: Chargés de Cours: Beruffserfarung vs. Diplom - Wat spillt méi eng wichteg Roll?
Serie Rentrée - Deel 6: Summerschool: Am Summer 2021 war de Succès nach méi grouss, wéi dat lescht Joer

Back to Top
CIM LOGO