Trauregen Titel fir Lëtzebuerg, EM-Ball rullt an Tom-Duell am Face-à-Face

De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Naass a vill Loft
D'Wieder huet eis dës Woch e bësse beschäftegt... Wärend Ufanks der Woch nach e Risiko vun engem Tornado bestanen huet, hat och Enn der Woch MeteoLux nees Aläerten erausginn.
Lëtzebuerg traurege Champion
Ee Salariée op siwen, deen hei am Land schafft, gëllt als aarm. Domadder ass de Grand-Duché op Plaz 1 an der Eurozon. Emol eng Kéier een Titel, op deen ee bestëmmt verzichte kéint.
Tom vs. Tom
An eisem Face-à-Face stounge sech den Tom Weidig an den Tom Hecker, bekannt als "Tatta Tom" géintiwwer. An engem animéierten Debat goung et drëms, ob eng Konschtfigur wéi d'Tatta Tom iwwerhaapt an d'Schoule bei Kanner soll goen, fir do iwwer Toleranz a Gläichberechtegung opzeklären.
Bauer weist Matgefill
E Camion aus Serbien hat eng Pann op engem Lëtzebuerger Bauerenhaff. D'Firma wollt de Feeler awer net hei behiewe loossen, mä huet eng eegen Ekipp an de Grand-Duché geschéckt. De Bauer Marc Elsen huet an där Zäit Matgefill gewisen an de Chauffer ënnerstëtzt.
He's back
E Mëttwoch den Owend konnt de Wallaby Sammy agefaange ginn. Hie koum och zeréck bei seng Besëtzerin, déi awer elo eng Autorisatioun muss ufroen, fir déi exotesch Déieren doheem halen ze dierfen.
5 Banken halen et bäi
Nieft Raiffeisen, Spuerkeess, BGL BNP Paribas a Post wäert och d'BIL d'Basis-Bezuelkonte fir Privatclienten oploossen. Dat huet d'Bankenopsiicht CSSF dës Woch matgedeelt.
De Ball rullt
Spektakulär Goler, iwwerraschend Resultater an Fans, déi sech vill afale loossen. D'Futtball-EM bei eisen däitschen Noperen ass voll amgaangen. An eisem Dossier fannt Dir all déi wichtegst Informatiounen ronderëm d'Euro 2024 an och e kléngt Gewënnspill.
Enquête leeft
Zu op d'mannst engem versichte Kidnapping soll et Ufank der Woch beim Campus Geesseknäppche komm sinn, wéi e Mann e Meedchen um Aarm gegraff huet. Passanten hu reagéiert an dem Meedche gehollef, Police a Parquet sinn alarméiert.
Tëschefall mat déidleche Suitten
An der franséischer Stad Carpentras hat e Papp, wéi hie schaffe gaangen ass, säin néng Méint ale Puppelchen am Auto vergiess. D'Kand war knapp 8 Stonnen am Auto agespaart, bei Baussentemperature vu ronn 30 Grad, an huet dëst net iwwerlieft.
Nationalfeierdag
Den 23. Juni bréngt ëmmer erëm vill flott Biller a Momenter mat sech. Dowéinst sinn op Nationalfeierdag an natierlech och um Virowend all eis Fotografen am Asaz, fir Iech déi schéinsten Amenter queesch duerch d'Land ze weisen.