Eng Stad, déi sech entwéckelt, fir ze wuessen
Zu Wolz liewen iwwer 8.000 Mënschen. 47 Eenzelhandelsgeschäfter sinn do ze fannen, e Plus vu 6,8 Prozent an 3 Joer. De Geschäftsleit gefält et.
Déi eng si gebierteg Wëlzer a wunnen och nach do. Anerer fannen d'Stad schéin an d'Awunner fein.
Eng Realitéit ass awer och, dass iwwer 18 Prozent vun de Lokaler eidel stinn. Net all Commerce geet et gutt. Grad ewéi op anere Plazen am Land géingen och si ënnert der Konkurrenzsituatioun leiden. E weidere Grond ass awer och, datt traditionell Betriber dacks keng Successeure fannen, mengt de Bob Wetzel, City Manager.














Besonnesch beim Verkaf vu Bicher an Elektronikartikel ass den Internethandel zu stäerkster Konkurrenz ginn. D'Tania Müller huet eréischt dës Woch hire Buttek vergréissert a gesäit de Problem anerwäerts.
"A meng Ae si méi dee grousse Flock eis grouss Surfacen an déi laang Ëffnungszäite bei de Surfacen, plus d'Weekender an d'Feierdeeg."
D'Geschäftsleit an der Uewerstad si positiv agestallt, hunn awer Iddien, wéi d'Stad sech kéint entwéckelen.
"Ech géif soen, wann een zu Wolz einfach e bësse méi d'Groussgaass, am grousse Ganzen awer Wolz, méi beliewe géing, an och da Méiglechkeeten hätt, fir Parkplazen ze maachen, da wären d'Leit och méi motivéiert ze kommen, fir dann och hei akafen ze kommen", mengt de Joé Mathieu, Libraire zu Wolz.
Eng Moossnam, un där an der Gemeng scho geschafft gëtt: den ëffentleche Raum an der Uewerstad soll méi attraktiv gemaach ginn.
"Wat natierlech dann och als positiven Effekt dann huet, dat heescht, wann den ëffentleche Raum interessant ass, dass de Plazen hues, wou se gär dohi kënns, wou d'Leit sech ophalen, wat natierlech och dem Commerce dann erëm entgéint kënnt, fir dass et eeben, fir d'Restauranten interessant gëtt, dass de Terrassen hues, déi attraktiv sinn", wéi de Serge Muller, Stadentwéckler vun der Gemeng Wolz erkläert.
Virop wäert dës Entwécklung de Butteker e Kilometer weider erof zu Nidderwolz nach net an d'Kaarte spillen. Méi wäit vum Schoss muss d'Maggy Hermann mat hirem Elektrobuttek struewelen.
"Bon, mir hunn da scho méi dacks gekuckt, fir eventuell och op Uewerwolz ze plënneren, mee sou déi richteg Verkafsflächen, déi mer géife brauchen, wéi dat hei, ass schwiereg ze fannen."
Scho méi laang ass d'Gemeng engagéiert, eng ganz Partie Lokaler an der Groussgaass zu Uewerwolz opzekafen, hei solle Wunnengen drakommen, erkläert de Bob Wetzel.
"A wou een op dem Rezde-chaussée kann eng modern Geschäftsfläch schafen, déi d'Gemeng dann och zu abordabele Konditiounen u potenziell interesséiert Geschäftsleit weidergëtt."
Och zu Nidderwolz gesäit d'Gemeng awer vill Potential. D'Stad soll an den nächsten zéng Joer ëm 5.000 Mënsche wuessen. Den Optiker Tom Peters bemierkt awer scho méi laang méi Leit a sengem Geschäft.
"Hei am Norden ass d'Tendenz trotzdeem e bësse méi erop, well vill Leit hei erop plënneren, well vläicht d'Loyere manner deier sinn."
Den Nodeel u Wolz wier, dass een net géint zoufälleg laanscht fueren. Wien an d'Stad am Norde kéim, hätt dës och direkt ugesteiert.