Illegal Party zu Hengescht, gefälschte BIL-Site an Doud vum Charel Bourg

© RTL Grafik
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Illegal Rave-Party zu Hengescht
De leschte Weekend huet eng illegal Rave-Party zu Hengescht fir Opreegung gesuergt. Dës war vun den Organisateuren nämlech net ugemellt ginn, an domat illegal. Eng 500 Leit hunn deemno illegal an enger Wiss gefeiert, déi engem Bauer gehéiert an dobäi nach an enger Naura2000-Zon läit. Ronn 100 Poliziste waren am Asaz, fir déi illegal Rave opzeléisen. D'Beamten hunn nieft Bünen- an Audio-Technik och eng ganz Partie Droge saiséiert. Zwou Persoune goufe festgeholl.
Äerdbiewen am Pazifik
En Dënschdeg ass et am Pazifik zu engem Äerdbiewe mat enger Stäerkt vun 8,8 komm. Den Epizenter louch an der Géigend vun der russescher Hallefinsel Kamtschatka. A Russland an a Japan ass et an der Suite vum Biewen zu Tsunami-Welle komm. A Japan wollt eng Fra sech mat hirem Auto virun de Wellen a Sécherheet bréngen. Dobäi ass si eng 20 Meter héich Klipp erofgefall a gouf déidlech blesséiert.
Doud vum Laura Dahlmeier
Eng traureg Nouvelle gouf et aus der Welt vum Wantersport. Déi fréier däitsch Biathleetin Laura Dahlmeier ass dout, dat huet de Management vun der Sportlerin confirméiert. Si ass en Dënschdeg beim Kloteren um Leila Peak a Pakistan vu Steng getraff ginn, déi vun uewen erofgefall koumen. D'Läich vun der Sportlerin konnt bis ewell net gebuerge ginn. D'Konditioune wieren ze geféierlech fir eng Biergung duerch Mënschen oder den Helikopter, sou dem Laura Dahlmeier hire Management.
Police warnt viru Fiedem un der Entréesdier
Wiem dënn Fiedem aus Pech u senger Entréesdier opfalen, dee sollt d'Police ruffen. Abriecher sprëtzen déi Fiedem nämlech dohin, fir ze kucken, ob iwwer eng länger Zäit keen doheem ass. Besonnesch elo an der Vakanzenzäit gräifen Abriecher op dës Method zeréck. Si sprëtzen d'Fiedem ënnen an den Eck vun der Dier a kucken dann, ob se no e puer Deeg nach do sinn. Wann dat de Fall ass, wësse si, dass d'Dier iwwer eng länger Zäit net opgemaach gouf. Dat kéint dann en Zeeche sinn, dass d'Bewunner an der Vakanz sinn.
Dausende vun Euro verluer: Temoignagë vun Affer vu gefälschtem BIL-Site
No der Publikatioun vun engem Artikel iwwer gefälschten Internetsite vun der BIL hunn eng Partie Affer vun der Arnaque sech bei RTL gemellt. Zwee Affer hu jeeweils de Montant vun 8.800 Euro genannt, deen iwwert dëse Wee vun hirem Kont ofgebucht gouf. Insgesamt kann een dovun ausgoen, dass eleng, wann een d'User zesummerechent, déi sech bei RTL gemellt hunn, e sechsstellege Betrag muss duerch dës Masch ergaunert gi sinn.
Caritas-Affär: Strof a Milliounenhéicht fir d'Spuerkeess
D’Spuerkeess krut Ufank Mee eng administrativ Strof vu ronn 5 Milliounen Euro. Dat huet d’Iwwerwaachungskommissioun fir de Finanzsecteur e Mëttwoch matgedeelt. Hannergrond ass de Finanzbedruch bei der Caritas. D’CSSF schreift, si hätt an der Suite vun enger Fraude géint eng "Fondation caritative luxembourgeoise" Kontrolle gemaach. Dat fir ze kucken, ob d’Bank hir Obligatiounen am Kader vun der Lutte géint d’Geldwäsch an d’Terrorismusfinanzéierung agehalen hätt. Dobäi huet d’CSSF festgestallt, datt et esou wuel an der Konzeptioun vun hirem Dispositif, esou wéi bei der Ëmsetzung an den interne Kontrolle Lacune gouf.
E Restaurant koum trotz vollem Haus an d'Laberenten
Nieft de Caféë kommen och ëmmer méi Restauranten iwwer Land a finanziell Schwieregkeeten. Zwee Haaptgrënn dofir sinn déi verännert Gewunnechte vun de Clienten an d'Hausse vun den Niewekäschten. D'Patronne vun engem Restaurant zu Groussbus huet eis en Temoignage dovu ginn, wéi d'Situatioun vun hirem Etablissement ëmmer méi schwiereg gouf.
Charel Bourg gestuerwen
De Charel Bourg ass dout. De fréieren Offizéier vun der Gendarmerie an éischte Generaldirekter vun der Police Grand-Ducale ass de 24. Juli am Alter vun 79 Joer gestuerwen. Am November dëst Joer wär hien u sech mat ugeklot gewiescht, zesumme mat siwen anere fréiere Gendarmerie-Offizéier wéinst Falsch-Aussoen am Laf vum éischte Bommeleeër-Prozess.