D'Woch op RTLBankomate-Sprenger ugestouss, arméierten Iwwerfall a vermësste Persoun op Kreta

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Grouss Ermëttlungen ageleet

De Schauspiller Gene Hackman a seng Fra Betsy Arakawa sinn dout an hirem Haus fonnt ginn. D’Ëmstänn sinn awer esou verdächteg, datt d’Police gréisser Ermëttlungen an Autopsien ordonéiert huet.

Bankomate-Sprenger erwëscht, Täter ugestouss

Dräi Täter hat d’Police erwëscht, déi zu Keel e Bankomat sprenge wollten. Zwee vun hinne konnte flüchten, een drëtte gouf bei der Flucht vun engem Auto ugestouss. Hie koum blesséiert an d’Spidol. E verdächtege Pak konnt vun der Police neutraliséiert ginn.

Gléck am Ongléck

Tëscht Uewerpallen a Réiden hat en Automobilist d’Kontroll iwwer säi Won verluer a war vun der Strooss ofkomm. Den Auto huet sech e puer Mol iwwerschloen, ma de Chauffer koum mat méi klenge Blessuren dovun.

CDU/CSU stäerkste Partei an Däitschland

E Sonndeg konnte sech déi Chrëschtlech Sozial bei eisen Noperen duerchsetzen. D’Sondéierungsgespréicher mat der SPD, déi drëttstäerkste Kraaft gouf, hunn dann och schonn ugefaangen. Zweetstäerkste Kraaft mat ronn 20 Prozent gouf awer d’AfD. Mat an d’Parlament kommen nach déi Gréng an déi Lénk.

D'Woch op RTL vum 28. Februar
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Arméierten Iwwerfall zu Uewerkuer

Mat engem grousse Messer arméiert hat e Mann e Méindeg e Restaurant iwwerfall an e puer honnert Euro erpresst. Eng Serveuse wëll esouguer eng Pistoul erkannt hunn. Zum Zäitpunkt vum Iwwerfall ware keng Clientë méi am Restaurant, blesséiert gouf och keen.

Zanter zwou Woche vermësst

De Johann Williams, dee säi Papp zu Lëtzebuerg lieft, gëtt zanter dem 13. Februar vermësst. De jonke Mann war op Kreta geflunn, fir op den 2.000 Meter héije Bierg Gingalos ze klammen. D’Famill selwer huet eng gréisser Sichaktioun lancéiert, bis ewell feelt awer all Spuer.

Uergen Accident an der Äifel

E Bus aus dem Grand-Duché ass en Dënschdeg mat engem Auto op der B50 bei Bitburg kollidéiert. De Buschauffer gouf schwéier an den Automobilist liewensgeféierlech blesséiert. Ënner anerem war d’Air Rescue am Asaz.

Kënnegung aus Protest

Ronn een Drëttel vun den Doge-Mataarbechter hunn hir Kënnegung agereecht. D’Leit hunn als Grond uginn, datt si en Eed op d’Verfassung geschwuer hunn an esou dem Musk seng Fuerderungen net ëmsetze kënnen. Si kéinten net decisiv staatlech Computersystemer schwächen a sensibel Date vun Amerikaner kompromettéieren.

Back to Top
CIM LOGO