D'Woch op RTLBréck kollabéiert, Affär CMCM geet weider, Milliouneschued bei Air Rescue

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Bréck no Accident mat Schëff kollabéiert

An der Stad Baltimore am US-Bundesstaat Maryland koum et Ufank der Woch zu engem uergen Accident. E Cargoschëff hat d’Autobunnsbréck, déi iwwert den Hafe vun der Stad verleeft, getraff, esou datt dës an de Koup gefall ass. Méi Autoen an och Persoune sinn déi 15 Meter an d’Déift gefall. Aktuell gi sechs Leit nach vermësst. D’Chancen, si nach lieweg ze fannen, sinn awer ganz geréng.

Iwwer zwou Milliounen Euro Schued

Dat ass de Bilan no engem Feier bei der Air Rescue. Déi komplett medezinesch Apparater ewéi och d’Lager, wou d’Medikamenter stockéiert waren, goufen zerstéiert. En Dënschdeg um 4 Auer war de Feieralarm lassgaangen. D’Rettungsekippe ware séier op der Plaz an d’Feier war séier geläscht. D’Helikopter an d’Fliger goufen evakuéiert, fir all Risiko aus de Féiss ze goen. An awer geet de Schued an d’Milliounen.

Bettel beléiftste Politiker

Dës Woch gouf de Politmonitor vun der Ilres am Optrag vun RTL an dem Wort publizéiert. De Xavier Bettel ass de beléiftsten aktive Politiker, dat viru der Paulette Lenert an dem Luc Frieden. De Logement bleift awer onverännert déi gréisste Suerg vum Lëtzebuerger Bierger an d’Angscht virum Rietsextremismus am Grand-Duché wiisst.

Affär CMCM geet weider

Nodeem dës Woch de Remuneratiounssystem bei der CMCM um Niveau vum Generaldirekter als “amateurhaft” mat engem “Risk vu Steierbedruch”, bezeechent gouf, koum kuerz drop d’Informatioun, datt den zoustännege Ministère sech un de Parquet geriicht huet. Als méigleche Reproche steet ënnert anerem Vertrauensbroch am Raum. D’Denonciatioun riicht sech géint de Generaldirekter vun der “Caisse Médico Complémentaire Mutualiste”, mat der CMCM als Victime vun deem Abus.

Bauaarbechter vu Kris betraff

Mir hu mat zwee Leit geschwat, déi um Bau schaffen, ma zanter Summer keng Pai méi kritt hunn. Dobäi hu sech béid Männer mat Famill, déi Representativ fir vill Leit am Secteur stinn, déi leschte Méint mussen op hir Récklagen oder/an d’Paie vun hirem Partner misste verloossen.

Pensiounssystem laangfristeg ausbalancéieren

D’Fondation Idea huet Decideuren aus der Politik an der Ekonomie, Vertrieder vun de Sozialpartner an Ekonomisten iwwert de Pensiounssystem befrot. Bei der Ëmfro koum eraus, dass 73 Prozent vun de Befroten der Meenung sinn, dass de Pensiounssystem bannent den nächsten 3 Joer misst reforméiert ginn. Dat well d’Recettë vun der Pensiounskeess an Zukunft net méi wäerten duergoen, fir d’Ausgaben ze decken.

Mam Auto iwwert de Futtballterrain

Zu Colmer Bierg ass e Méindeg eng bis ewell onbekannte Persoun mam Auto iwwert de Futtballsterrain gefuer. Dobäi ass héije Materialschued entstanen. D’Gemeng wëll Plainte bei der Police maachen.

Nationalspiller geet an Appell

Direkt den Dag no der 2:1-Victoire géint de Kasachstan hat de Futtball Nationalspiller Gerson Rodrigues Rendez-vous viru Geriicht, dat wéinst dräi Fäll vu Kierperverletzung an engem vu Beleidegung. De Butteur, dee sech vu sengem Affekot vertriede gelooss huet, gouf op 18 Méint Prisong mat Sursis probatoire verurteelt. Wärend een dräi vun de Fäll zouginn huet, ass een awer mat dem Fakt averstanen, datt de Gerson Rodrigues seng Ex-Frëndin soll geschloen hunn. Dowéinst wäert d’Defense och an Appell goen.

Déidlechen Accident am Phantasialand

Am Fräizäitpark an der Géigend vu Köln krut eng Achterbunn e Mataarbechter ze paken. De Mann sollt den Tëschefall net iwwerliewen.

Back to Top
CIM LOGO