D'Woch op RTLCommerce an Nout, Sidemen zu Lëtzebuerg a Radaren, déi blëtze wéi wëll

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
© RTL

Net einfach am Commerce
An der Serie iwwer de Commerce hunn eis Journalisten e bëssen iwwerall am Land nogefrot, wéi d’Geschäfter den Ament lafen. Wärend déi eng sech iwwert d’Touriste freeën, hunn anerer mat Personalmangel an héije Loyerspräisser ze kämpfen. An dat net nëmmen zu Lëtzebuerg selwer, mee och iwwert d’Grenz eraus.

Variant vun MPox ënnerwee
D’Viruskrankheet MPox mécht der Weltgesondheetsorganisatioun Suergen. De Virus, deen eis virdrun als Afepouke bekannt war, konnt 2022 ënner Kontroll bruecht ginn. Eng Variant, déi Enn 2023 awer an der Demokratescher Republik Kongo opgedaucht ass, konnt elo och an aneren afrikanesche Länner nogewise ginn. D’WHO ass alarméiert a bezeechent d’MPox als weltwäit Noutlag.

Vill geblëtzt op der A7
D’Radaren an den Tunnelle vun der A7 goufe jo mat dem Argument en Place gesat, dass hei ze vill gerannt gëtt an ee schwéier Accidenter verhënnere wëll. Ma zënter 17 Méint sinn déi dräi Streckeradare schaarfgestallt. En Impakt op d’Accidenter solle se awer net gehat hunn, seet de Mobilitéitsministere. Bis ewell hu scho méi wéi 65.000 Fuerer missen an d’Täsch gräifen, well si ze séier ënnerwee waren.

Anomalien a Schwaachstellen
D’Affär ronderëm Caritas, wou eng Mataarbechterin 61 Milliounen Euro soll verontreit hunn, suergt ëmmer nach fir Opreegung.“Wat do geschitt ass, ass einfach onméiglech”, sou eng Partie Professioneller op der Finanzplaz, wa se eppes iwwert d’Caritas-Bedruchsaffär héieren. Am Fall vun der Finanzdirektesch, déi verdächtegt gëtt, hunn esouwuel de Parquet wéi och hiren Affekot vun engem Presidenten-Trick geschwat.

Lëtzebuerg a britteschem Youtube-Video
Lëtzebuerg hat säin Optrëtt an engem Video vun engem bekannte brittesche Youtube-Grupp. Sidemen huet sech nämlech gefilmt, wéi si eng Course duerch dat, wéi si et nennen, “räichste Land vun der Welt” gemaach hunn. De Video hat bannent 12 Stonne schonn 2,3 Millioune Views.

Sexuell Iwwergrëffer
Um beléifte Wäin- a Wënzerfest Picadilly koum et leschte Weekend zu engem Virfall. Et soll zu engem Viol komm sinn. D’Police gouf um 3 Auer an der Nuecht op Sonndeg alarméiert. D’Affer ass e Meedche vu 17 Joer.

Trotz Ausgangsspär
D’lescht Joer sinn 2.553 Nuetsvolle vum Findel registréiert ginn, obwuel vun 23 Auer Owes bis 6 Auer Moies keng Flich solle starten a landen. Wéinst de Wiederkonditiounen, Delaien an enger Hausse vum Fluchtrafic géif et ëmmer rëm zu Exceptioune kommen.

Ouni Führerschäin, alkoholiséiert an drogéiert
E Mann, deen op der Gare an e Sträit geroden ass, gouf vun der Police opgefuerdert, d’Plaz ze verloossen. Duerno wollt hien a säin Auto klammen, wéi d’Police awer decidéiert huet en Alkoholtest an Drogentest ze maachen. Béid ware positiv. Duerno koum dunn nach raus, dass de Mann wéinst Alkohol scho virdrun de Führerschäin ofgeholl krut.

Back to Top
CIM LOGO