
Zigarette gehéieren net op de Buedem
145 Euro kascht et, wann ee säin Zigarettestomp op de Buedem gehäit. Dëst ass net nei, awer ville Leit net bewosst. Eng Campagne soll dat elo änneren.
Aggressioun soll sech net loune
Nodeem d’Fäischt no engem Futtballmatch geflu sinn, koum d’Fuerderung vun engem Gemengeconseiller, datt den FC Wolz 71 een Drëttel manner Sue vun der Gemeng soll kréien, déi dofir un aner Veräiner ginn.
Wéi vill zweet Chance huet e Spiller verdéngt?
Den Nationaltrainer Luc Holtz huet d’Enfant terrible vum Lëtzebuerger Futtball Gerson Rodrigues nees fir d’Nationalekipp nominéiert, nodeem dësen aus disziplinaresche Grënn de leschte Match net dobäi war an och schonn eng Verurteelung hannert sech huet. Eng Decisioun, fir déi wéineg Leit Versteesdemech weisen.
Nächsten Index awer réischt 2025?
Eurostat no ass d’Inflatioun am September op ee Joer gekuckt ëm 1,8 Prozent zeréckgaangen. Änleches geet aus de provisoreschen Zuele vum Statec ervir. Dëst kéint dann dozou féieren, datt dëst Joer keng Indextranche méi erfält.
Iran attackéiert Israel
En Dënschdeg den Owend huet den Iran Rakéiten op Israel lancéiert, woubäi der e puer och ageschloe sinn. Israel huet net direkt reagéiert, awer Konsequenze annoncéiert.
HUT huet Aarbecht opgeholl
Dës Woch hunn déi fréier Mataarbechter vun der Caritas bei Hëllef um Terrain ënnerschriwwen an esou konnt déi nei Organisatioun hir Aarbecht ophuelen. Kritik un den neie Kontrakter koum vum OGBL, deen d’Situatioun als “chaotesch” bezeechent a kritiséiert huet, datt HUT d’Leit ënner Drock gesat huet.
E Floumaart fir Sammler
Den “Nuckes” huet eng ganz Scheier voller Sammlerstécker, déi deels schonn Joerzéngten um Bockel hunn. Dës Saachen, déi de passionéierte Sammler jorelaang gehalen huet, goufen a ginn awer elo verkaf.
Tabusujet Menopause
D’Wiesseljore sinn eng grouss Erausfuerderung fir eis Gesellschaft, fënnt op alle Fall d’Diane Elsen, déi jorelaang vun Dokter zu Dokter gelaf ass, a keen hien hëllefe konnt. Mat hirem Erfarungsbericht steet si awer net eleng do, well ganz vill Frae ville sech, wann et ëm dëst Thema geet, am Stach gelooss.