
En trageschen Accident a vill Froen
E Méindeg de Moie gouf eng Persoun op engem Feldwee tëscht Ell an Uewerkolpech ugestouss an ass un de Suitte vun hire Blessure gestuerwen. Vun offizieller Säit gouf et en Zeienopruff wéinst dësem Accident, ma just ganz wéineg Detailer an Informatiounen. Esou ass et net anormal, datt vill Leit am Land a speziell zu Ell an Ëmgéigend sech vill Froe stellen.
Russesch Oligarche mat Lëtzebuerger Placken?
An eisem RTL-Faktencheck hu mer eng Foto ausernee geholl, déi an de soziale Medien den Tour mécht. An effektiv war en Auto zu Lëtzebuerg op de russesche Vize-Ausseminister Timur Ivanov ugemellt, deen aktuell awer op der EU-Sanktiounslëscht steet.
E weidert Jo-Wuert
Nodeem d’Prinzessin Alexandra den 22. Abrëll op der Stater Gemeng bestuet gouf, war et eng Woch méi spéit a Südfrankräich esouwäit, wou Si an hire Mann Nicolas Bagory sech d’Jo-Wuert an der Kierch ginn an dono mat Famill a Frënn gefeiert hunn.
Heescherei an der Stad huet vill Facetten
Déi éischt Woch am Mee hate mer eng Serie iwwert d’Heescherei an der Stad op RTL.lu. Mir ware mat de Maartleit ënnerwee, déi sech iwwert verschidden Heescherte beschwéieren, mir hunn eis d’Situatioun op der Stater Gare e bësse méi genee ugekuckt, hu mat engem Betraffene geschwat an kruten eng Gesicht erzielt, wéi en Heeschert eng Persoun gerett huet.
“Mäi Liewen ass schwaarz oder wäiss”
Esou beschreift d’Letizia Squillace hiren Alldag. Déi jonk Fra huet an eisem Sonndesinterview iwwert d’Krankheet “Borderline” geschwat an e ganz perséinlechen Androck dozou ginn. Mam Psycholog Fränz D’Onghia hu mer dann iwwer méiglech Warnsignaler geschwat an och doriwwer, wéi a wou een Hëllef ka kréien.
Liewen, fir ze schaffen, oder schaffen, fir ze liewen?
Am Kloertext vun dëser Woch huet sech alles ëm d’Aarbecht an de Stellewäert vun dëser an eiser Gesellschaft. Mat dobäi war de fréieren Aarbechtsminister Dan Kersch, déi aktuell Familljeministesch Corinne Cahen, den UEL-President Michel Reckinger an d’Personalresponsabel vun der BIL Karin Scholtes.
Gefesselt am Bësch
An eiser kuriéiser Noriicht vun der Woch gi mer an Niedersachsen. Hei hat en Techtelmechtel kee flott Enn fir e Mann, deen vun der Police gefesselt an engem Bësch fonnt gouf.
Aarbecht am Vietnam
De Premier Xavier Bettel an de Mëttelstandsminister Lex Delles waren dës Woch op offizieller Visitt am Vietnam. hei goufe si ënner anerem vum Premier Pham Minh Chinh empfaangen an hunn eng Fabrick fir Elektromobilitéit besicht.
D’Kris ass “och bei eis” ukomm
Dat sot den Direkter vum Statec Serge Allegrezza en Dënschdeg bei de Kolleege vum Radio an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”. Iwwregens huet de Statec dann och déi neisten Zuele zu der Inflatioun publizéiert, wou een erausliese kéint, datt déi nächsten Indextranche wuel am 3. Trimester 2023 fälleg kéint ginn. Bleiwe mer beim Kampf géint d’Inflatioun. An deem Kader huet d’EZB nämlech annoncéiert, datt een de Leetzëns ëm 0,25 Prozentpunkten, elo op 3,75 Prozent, eropsetzt.
33 Joer “Duuschtstreck” eriwwer
Zu Neapel gouf en Donneschdeg grouss gefeiert, well den SSC no 33 Joer nees sech d’Kroun vum italieenesche Futtball konnt opsetzen.
Lieweg a gummis Quackerten am Fokus
An der leschter Woch huet sech villes ëm Inte gedréint. Ugefaange mam Duck Race e Sonndeg ëm d’Abtei Neimënster. Da gouf zu Féngeg eng Intefamill vun enger CGDIS-Ekipp aus enger mësslecher Situatioun gerett an an der Stad hu Aarbechter vun der VDL eng Intefamill iwwert d’Strooss begleet.
Déidlech Schéissereien a Serbien
Onschéin Noriichte koumen dës Woch aus Serbien. Hei gouf et eng Schéisserei an enger Schoul, bei där néng Persounen, dorënner aacht Kanner, ëm d’Liewe koumen. En 13 Joer jonke Schüler soll den Täter gewiescht sinn. Bei engem weideren “terroristeschen Akt”, wéi et vun de serbeschen Autoritéiten heescht, si weider aacht Leit ëmkomm, nodeem aus engem Auto eraus op si geschoss gouf. Och hei gouf e Verdächtege festgeholl.