D'Woch op RTLD'Nouvellen, déi d'Leit beweegt hunn

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Messerattack a Frankräich

Um Donneschdeg de Moien huet e Mann Leit op enger Spillplaz zu Annecy ugegraff. Dobäi huet hie véier Kanner an 2 Erwuessener mat engem Messer blesséiert. D’Motiv vum syresche Flüchtling wëll een elo an enger Enquête erausfannen. Donieft soll eng psychiatresch Ënnersichung gemaach ginn.

Gewalt géint Mannerjäregt

E schwéiere Fall vu Mobbing huet d’Ronn an de soziale Medie gemaach. Um Video gesäit ee wéi e jonkt Meedchen erniddregt a geschloe gëtt. “An de Mobbing geet elo einfach weider,” erzielt d’Mamm vum Affer am Interview.

Alles ënner Waasser

Am Süde vun der Ukrain gouf e Staudamm deels zerstéiert, wat dozou geféiert huet, dass ganz Regiounen iwwerschwemmt goufen. Ronn 40.000 Awunner goufen a Sécherheet bruecht oder sollen nach evakuéiert ginn. De President Selenskyj mécht “russesch Terroristen” fir d’Zerstéierung vum Staudamm responsabel.

Kannerpornografie

E fréiere Volleyballs-Trainer stoung uganks der Woch viru Geriicht. Hien huet iwwer Joren heemlech Fotoen a Videoen an den Duschen a Vestiairë gemaach. Vum Haaptaffer existéieren awer nach vill méi Biller. Am Interview erzielt déi jonk Fra eis,

wéi si déi lescht Joren erlieft huet.

Norden net op Fouer erwënscht?

Vum 19. August bis den 10. September fuere keng Zich tëscht Ettelbréck an Ëlwen. D’Éisleker mussen also mam Auto op d’Fouer kommen.

Robin Hood viru Geriicht

Eng Persoun huet sech missen veräntwerten, well si 2 Milliounen Euro vun der Krankekeess an hir eegen Täsch gestach huet. “Et war keng Kontroll do”, sou déi fréier Mataarbechterin vun der CNS.

Stad Lëtzebuerg am Kloertext

Ass Lëtzebuerg déi bescht Stad fir ze liewen? Där Fro ass een dës Woch am Kloertext op de Fong gaangen. Nieft der Mobilitéit an dem Logement war och d’Iwwerpopulatioun e Sujet.

Groussen Theater

Déi 8. Editioun vum TalentLAB steet erëm ganz am Zeeche vun der Kreatioun an dem artisteschen Austausch. E soll encouragéieren, nei a pluridisziplinär Formen ze fannen, mam Akzent um Prozess an de Recherchen.

Alle guten Dinge sind 27

De Liang Shi huet eigentlech alles areecht. Vum klengen Aarbechter an enger Fabrick bis erop zum Self-Made-Millionär. Just den Unis-Ofschloss huet hien net, obwuel hie scho 26 Mol um Opnam-Examen deelgeholl huet. Elo versicht hien et eng 27. Kéier.

Dëse soll no a viru Concerte vun der Band Sex mat Frae gehat hunn, déi speziell dofir erausgesicht goufen. 2 vun den Affer hunn antëscht explizitt gesot, dass de Geschlechtsverkéier géint hire Wëlle passéiert wier.

https://www.rtl.lu/news/panorama/a/2071341.html

Back to Top
CIM LOGO