D'Woch op RTLD'Wieder hält Land an Otem a Prozess ëm Mord zu Bouneweg

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
© RTL Grafik

D’Wieder hält d’Land an Otem

Fir d’éischt Schnéi a Frascht, da Reen an dann nees Schnéi. D’Wieder huet eis dës Woch wierklech an Otem gehalen. Op de Stroossen ass et besonnesch e Mëttwoch den Owend méi lues virugaangen an och de Betrib um Fluchhafen gouf zäitweis agestallt. Wéinst dem Wieder sinn dann och d’Peegele vun de Flëss geklommen.

Reprochë vu sexuellem Feelverhale bei Theatergrupp aus Escher Lycée

De Parquet geet aktuell der Fro no, ob et am Theatergrupp vum Escher Meedercherslycée en net-ubruechte Verhale mat sexueller Konnotatioun gouf. An deem Kader gouf et dës Woch Ermëttlunge vun der Police judiciaire. Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d’Présomption d’innocence, bis en Urteel vum Geriicht gesprach gouf.

Prozess ëm Mord un enger Fra zu Bouneweg

18 Joer feste Prisong. Dës Strof freet de Parquet fir e Mann, deen am Mee 2023 eng 63 Joer al Fra als éischt mat engem Kabel gedrosselt, an hir duerno e Messer an d’Häerz gestach huet. Wärend dem Prozess gouf kloer, dass sech tëscht Affer an Täter eng toxesch Relatioun entwéckelt hat, déi ënner anerem duerch de Konsum vun Alkohol an Droge gepräägt war.

Diskussiounen ëm länger Ëffnungszäiten

Eng Verlängerung vun den Ëffnungszäiten am Commerce wier eng grouss Katastroph, sou d’OGBL-Presidentin Nora Back am RTL-Interview. Well d’Gespréich mam Aarbechtsminister Georges Mischo net “gefrucht” hätt, hätt een elo e Rendez-vous beim Premierminister Frieden gefrot. Positiv um Sträit mat Regierung a Patronat wier, datt d’Gewerkschaften OGBL an LCGB ganz no beienee geréckelt wieren. Wann ee keng Kloerheet kréich, wier ee bereet bis zum Äussersten ze goen. Vu Streik a souguer vu Generalstreik geet riets. D’Gewerkschaften hätte schonn d’Gefill, datt d’Leit wéilte matmaachen a gréisser Aktioune méiglech wieren.

D’Verlängerung vun den Ëffnungszäite war dann och de Sujet vun enger Diskussioun tëscht der DP-Deputéierter Corinne Cahen an dem LSAP-Deputéierte Georges Engel.

CGDIS rett Fra aus der Uelzecht

Um Dënschdegmëtteg gouf de CGDIS op en ongewéinlechen Asaz geruff. Eng Fra soll op der Héicht vum Gronn ouni Kleeder an d’Uelzecht geklomme sinn a wier dunn bis an de Pafendall gedriwwe ginn. De CGDIS konnt d’Fra op der Héicht vun der rouder Bréck aus dem Waasser zeien. D’Fra koum an d’Spidol. Och d’Police war op der Plaz.

Zeienopruff nodeems e Mann zu Miersch blesséiert gouf

D’leschte Sonndeg gouf e Mann zu Miersch vun zwou Persounen attackéiert an dobäi uerg blesséiert. Béid Täter hu sech no der Attack an zwee verschiddenen Autoen duerch d’Bascht gemaach. Dorënner ee groe Mercedes vum Modell A-Klass mat enger Lëtzebuergescher Plack an ee wäissen Audi, och mat Lëtzebuergescher Plack. All Méiglech Hiweiser si fir d’Police vu Miersch.

Fielsrutsch blockéiert Haapt-Verkéiersachs zu Tréier

En Donneschdeg de Moien ass zu Tréier - méiglecherweis duerch de ville Reen - de Buedem gerutscht. Betraff war eng Haapt-Verkéiersachs fir an d’Stad eran. Deeler vum roude Fiels, deen d’Stadbild laanscht d’Musel präägt, si géint 10.15 Auer an d’Strooss gefall. Betraff war een Deel vun der Bitburger Strasse (B51) a Richtung Westen, direkt hannert der Kräizung mat der Kaiser-Wilhelm Brücke, déi iwwer d’Musel geet.

Gréisser Réckruffaktioun um Autosmarché

Ronn 20 Autosentreprisë ruffe verschiddener vun hire Modeller zeréck. Dat well d’Airbaggen, déi verbaut goufen, feelerhaft sinn. Betraff sinn haaptsächlech Gefierer, déi tëscht 1998 an 2019 gebaut goufen. Ob Ären Auto betraff ass, fannt Dir eraus, andeem dir Är Chassisnummer um Site vum Constructeur ugitt.

Back to Top
CIM LOGO