D'Woch op RTLEM-Dram geplatzt, Cyberattack op Lëtzebuerg a keng Wunneng a Shopping-Zenter

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Dram geplatzt

Lëtzebuerg wäert net bei der Futtball-EM an Däitschland dobäi sinn. D’Rout Léiwen hunn en Donneschdeg a Georgien 0:2 verluer a sech esou net fir d’Finall vun de Playoffs qualifizéiert. Dobäi wäert ville Lëtzebuerger den Agrëff vum Videoarbitter an Erënnerung bleiwen. Kuckt déi Zeen, vill Reaktiounen an Impressioune ronderëm dës Partie nach eng Kéier op RTL.lu.

Cyberattack op Lëtzebuerg

Staatlech Sitten a verschidden Internetsäite vu privaten Entreprise waren Enn der Woch net z’erreechen. De Grond dofir war eng Cyberattack op Lëtzebuerg. Wéi et schéngt koum dës aus Russland. Eng Hackergrupp huet se och scho revendiquéiert, wat bis ewell awer net vun offizieller Säit confirméiert gouf.

Keng Wunnengen am Shopping-Zenter

Uewenop wunnen an ënnena shoppen? Dat war de Plang vun de Bedreiwer vum Walfer Shoppingzenter, well hei vill Butteker eidel stinn. De Walfer Schäfferot gesäit dat awer net esou an huet keng gréng Luucht fir dësen Ëmbau ginn.

Polizist bei Perquisitioun ëmkomm

Net wäit vun der belscher Stad Charleroi ewech ass eng Perquisitioun an engem Haus eskaléiert. Eng Persoun hat sech am Gebai verschanzt an op d’Poliziste geschoss. E Beamte vu 36 Joer ass dobäi ëmkomm, en zweete gouf liewensgeféierlech blesséiert. Den Täter selwer koum dono mat schwéiere Blessuren an d’Spidol.

Putin gewënnt Walen

Wéi net anescht z’erwaarden, huet de Wladimir Putin d’Walen a Russland gewonnen. Ganzer 87 Prozent vun de Stëmme solle fir hie gewiescht sinn. Och an der russescher Ambassade zu Lëtzebuerg hu Leit gewielt. Hei koum et zu laange Schlaangen a Protester. Vun de Russen hei aus dem Land krut de Putin 13 Prozent vun de Stëmmen.

“Vapen” gëtt méi deier

Ee groussherzoglecht Reglement gesäit Tauxe vun 120 Euro pro Liter fir d’E-Liquide fir Vapes an 22 Euro pro kg fir d’Nikotin-Säckelcher SNUS vir. Dëst wäert vum 1. Oktober un a Kraaft trieden. De Finanzministère huet dann och zouginn, datt de Staat aktuell net op Accisen, déi iwwert den normalen Tubak erakommen, ka verzichten.

D’Europawale kommen ëmmer méi no a vun dëser Woch u kann een och d’Bréifwal hei zu Lëtzebuerg ufroen.

Net de Musterschüler

Lëtzebuerg huet zwar Fortschrëtter gemaach, wat de Kampf géint d’Korruptioun ugeet, an dach ass am Grand-Duché nach vill ze maachen. Dat geet aus dem neiste Rapport vun der OECD, also der Organisatioun fir ekonomesch Zesummenaarbecht an Entwécklung, ervir.

Lëtzebuerg op Plaz 8 vun de glécklechste Länner

Back to Top
CIM LOGO