
3 Mol esou grousse Plogeescht
Gemengt ass heimat déi sougenannte Hyalomma-Zeck. Dëst Déier ass dräi Mol esou grouss, wéi eis heemesch Zecken, a wiisst bis op dat Zéngfacht vu senger Gréisst un, wann et sech mat Blutt vollgesaugt huet. Optesch ënnerscheet se sech nach duerch hir gesträifte Been.
Nei Logoen an nei Trikote fir d’FLF
Nodeem déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun e Méindeg hiren neie Logo an eng nei Markenidentitéit fir d’Nationalekipp presentéiert huet, goufen am Laf vun der Woch och dräi nei Trikote presentéiert. Wärend d’Rout Léiwen doheem a Rout spillen, ass den Auswäertstrikot am schwaarze gehalen an den Alternativtrikot ass wäiss.
Groussen Télévie-Dag e Samschdeg
E Samschdeg war de groussen Téléviedag zu Lëtzebuerg. Dat esouwuel an de véier Zenteren am Land, wéi awer och hei bei eis op RTL. Am Ganze konnten 1.454.376 Euro fir d’Lutte géint de Kriibs gesammelt ginn.
Nei Sektiounen an der Schoul
Wärend am Lycée Sektioune fir Manager-Capacitéiten, Human- a Kognitiv-Wëssenschaften, esou wéi nohalteg Entwécklunge an de Politikwëssenschaften an den nächste Jore bäikréie sollen, gëtt awer och en neien DAP fir Tätowéierer respektiv eng Sektioun iwwer d’Wëssenschaften an d’Technologien am Gesondheetswiesen am LTPS vum nächste Joer un ugebueden.
Staatsvisitt an der Belsch
Dräi Deeg laang waren de Grand-Duc a seng Fra op Staatsvisitt an der Belsch. Um éischten Dag vun der Visitt en Dënschdeg huet de Grand-Duc säin 69. Gebuertsdag gefeiert. Iwwregens zesumme mam belsche Kinnek, deen den Dag virdrun der 64. krut. Um zweeten Dag stoung ënner anerem e grousse Banquet um Programm an um drëtten Dag stoung déi militäresch Kooperatioun am Fokus.
Tuerm an de Koup gefall
E Feier zu Kopenhagen huet dofir gesuergt, datt den Tuerm vun der historescher Bourse an de Koup gefall ass. De Groussbrand huet d’Gebai aus dem 17. Joerhonnert, dat grad renovéiert gouf, schwéier beschiedegt.
Vulkanausbroch an Indonesien
Wärend d’Biller, déi aus Indonesien kommen, spektakulär sinn, esou huet de Vulkanausbroch awer dozou gefouert, datt vill Leit hir Haiser hu misste verloossen. Indonesien gouf an de leschten Deeg vun Äerdbiewen, sou wéi engem Vulkanausbroch op der Insel Ruang getraff an d’Gefor vun engem Tsunami huet bestanen.
Privatflich vu Ministeren
25 Mol gouf an de leschte 5 Joer op e Privatfliger zeréckgegraff. Dacks awer waren dës Urgencen oder et ass net anescht gaangen, well d’Notze vu Privatflich sinn dem Premier Luc Frieden no d’Ausnamen.