
Wie geet fir Lëtzebuerg op den ESC zu Basel?
Ugefaangen huet d’Woch mat der Annonce vun de Finaliste vum Luxembourg Song Contest. Nodeems Ufank November d’Auditions an der RTL City ofgehale goufen, stinn déi siwe Finaliste fest, déi de 25. Januar an der Rockhal géinteneen untriede wäerten. Do decidéiert sech dann, wie Lëtzebuerg nächst Joer um Eurovision Song Contest zu Basel vertriede wäert.
En animéierte Face-à-Face
Zwee Männer mat dacks verschiddenen Usiichte stounge sech e Mëttwoch de Moien op der RTL-Antenn an engem Face-à-Face géintiwwer: den ADR-Fraktiounschef Fred Keup an de Kënschtler Serge Tonnar. Déi zwee hunn iwwer Meenungsfräiheet an d’Debattekultur zu Lëtzebuerg mateneen diskutéiert.
Prozess ëm déidlechen Accident
Am Nationale stoung dës Woch een traurege Virfall aus dem leschte Joer viru Geriicht. Um Heemwee vun engem Bal fir den 1. Mee war ee 27 Joer ale Familljepapp iwwerrannt ginn an ass u senge Blessure verstuerwen. De Parquet huet en Donneschdeg eng Prisongsstrof vun zwee Joer an e Fuerverbuet vu fënnef Joer fir de Chauffer gefrot. D’Urteel gëtt awer eréischt den 10. Januar gesprach.
Detournementer bei enger weiderer Lëtzebuerger ONG
Ufank der Woch ass bekannt ginn, datt net just bei der Caritas, ma och bei enger Hëllefsorganisatioun vum OGBL, der “OGBL Solidarité Syndicale” , Suen detournéiert solle gi sinn. An dësem Fall, iwwert dee Reporter fir d’éischt bericht hat, geet et ëm eng Zomm vu 74.000 Euro.
Couragéiert Temoignagen
Dës Woch gouf dann awer och een Thema an de Fokus geréckelt, dat dacks verstoppt bleift. Eng Rei Affer vu sexuellem Mëssbrauch an haislecher Gewalt hu sech mat vill Courage getraut, virun eise Kameraen iwwert hir Erliefnesser ze schwätzen. D’Temoignagen aus dem Reportage vum Dan Wiroth goufen en Donneschdeg dann och nach emol am Kloertext op der Tëlee opgegraff.
Et ass nees déi Zäit vum Joer
Dës Woch gouf et zu Lëtzebuerg dann och nach net just den éischte Schnéi, ma uechter d’Land an an der Groussregioun maachen dëser Deeg och déi éischt Chrëschtmäert hir Dieren op. Wann et Iech nach un Inspiratioun feelt, wou Dir Iech a Wanterstëmmung kënnt bréngen, fannt Dir bei eis um Site eng Lëscht mat deene schéinste Mäert.
RTL-Dictée zu Walfer
Scho fir déi 29. Kéier huet RTL d’Leit opgeruff, hir Sproochekenntnisser op d’Prouf ze stellen. Matschreiwe konnt ee leschte Sonndeg op dräi Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch an op Franséisch.
Explosiven Iertum zu Köln
Zu Köln hu Krimineller net genee genuch higekuckt, ier se hire Sprengstoff placéiert hunn. Amplaz vun engem Bankomat hate si eng Maschinn, déi Konto-Extraiten ausprint, gesprengt. Sue goufen deemno keng geklaut, ma déi zwee Verdächteg konnte gefaasst ginn.