Mat siwe Spëtzekandidate siwe Plate gekacht - All d'Episoden an d'Rezepter

© RTL Grafik
Mir hunn an de leschte Wochen all Méindeg a Mëttwoch eng Pasta mat eise Politiker a Politikerinne gekacht.
An engem labbere Gespréich, besonnesch awer wann een zesumme kacht, léiert een d'Mënschen dacks vun enger anerer Säit kennen. Do ginn dann och Froe beäntwert, déi net just de politeschen Alldag betreffen...
Hangover-Plat mam Sven Clement
Den nationale Spëtzekandidat bei de Piraten huet mat eis seng Versioun vun Tagliatelle mat Ramzooss gekacht. De jonke Papp huet eis do och verroden, dass d'Funktioun als Deputéierten nawell eng grouss Verännerung matsechbruecht huet.
Rezept: Tagliatelle mat Poulet a Geméis
Ingredienten: 2 Pouletsfileten
1 Dëppchen Ierbessen
2 Muerten
1 Ënn
Wäisse Wäin
Ram
Gerappte Kéis (Emmentaler oder Comté)
D'Ënn an d'Muerte kleng schneiden an op d'Säit setzen. Dat selwecht gëllt fir de Poulet. Dee soll am beschten a kleng Cubë geschnidde ginn. Wann alles fäerdeg ass, kann d'Ënn bei mëttlerer Temperatur an d'Pan kommen. No 1-2 Minutte kann de Poulet dobäi. Am beschte 5-6 Minutte bei héijer Temperatur ubroden an da mat wäissem Wäin ofläschen. Wärenddeem d'Waasser fir d'Nuddelen opsetzen an d'Nuddelen dra maachen. Duerno d'Flam nees e bësse méi kleng dréien an d'Muerten souwéi d'Ierbesse bei de Poulet dobäi ginn. Alles nach emol mat Salz a Peffer ofschmaachen. Dann d'Ram an de Kéis dobäi ginn. Do kënnt dir doséieren, wéi dir wëllt. D'Waasser mat de Nuddelen ofschëdden an d'Nuddelen an d'Pan dobäi ginn. Nach e puer Minutte kache loossen a fäerdeg ass et.
Originalversioun Carbonara mam Fred Keup
Den ADR-Parteipresident huet doheem eng italieenesch ugehauchte Familljekichen. A sengem Frigo dierf Geméis, eng Fläsch wäisse Wäin an eng Béchs Béier net feelen.
Déi zweet Episod hei kucken
Rezept: Spaghetti Carbonara
Ingredienten: 500 g Spaghetti al bronzo
200 g Pecorino romano
300 g Guanciale
5 Eeër
Peffer a Salz
Guanciale a kleng Stécker schneiden, Pecorino rappen an déi 5 Eeër trennen. Spaghetti kachen an ongeféier 300 ml vum Kachwaasser eraushuelen, ier een d'Nuddelen ofschëtt.
Guanciale ubroden an dann déi fäerdeg gekachten Nuddelen an déi waarm Pan dobäi ginn. Séier och all déi aner Ingredienten, d'Eegiel, de gerappte Pecorino an d'Kachwaasser dobäi a mat den Nuddele mëschen. Zum Schluss nach Peffer a Salz jee no Goût.
Pâtes au pistou mam David Wagner
Vu senger Mamm huet de Spëtzekandidat vun Déi Lénk am Zentrum dëse Plat geléiert an dee gëtt och ëmmer nees gär gekacht. Iwwert dem Kachen huet hien eis erzielt, wéi eng Bicher seng Favoritte sinn.
Rezpet: Pâtes au pistou
Ingredienten:
1 Strauch frësche Basilic
3 Knuewelekszéiwen
3-4 EL Olivenueleg
1-2 Tomaten
250 g Spaghetti
Peffer a Salz
Blieder vum Basilic plécken. Wann ee se wäscht, da komplett dréchenen, sou dass se guer net méi naass sinn. Knuewelek kleng schneiden. Basilic zesumme mat e bësse graffem Salz an dem Knuewelek am Mörser tripsen oder an der Kichemaschinn, dann zesumme mam Olivenueleg zu enger Zooss mëschen.
D'Tomat eng Minutt am Waasser kachen, eraushuelen an d'Haut ofzéien. Dann a kleng Stécker schneiden a mat der Basilic-Zooss mëschen. Zum Schluss nach Peffer a Salz jee no Goût dobäi an d’Zooss mat de waarmen Nuddele mëschen.
Eng Bolo mam Luc Frieden
Den CSV-Spëtzekandidat war e puer Joer raus an der Politik, ma wëll seng Partei lo nees an d'Regierung zeréckbréngen. Mat him hu mir Spaghetti Bolognese gekacht an driwwer geschwat, wat sech fir hien an der Politik an de leschte Jore verännert huet.
Rezept: Spaghetti di Luca (Bolo)
Ingredienten:
500 ml Tomatenzooss
2 Tomaten
500 g Gehacktes vum Rand
Parmesan
Basilic
Spaghetti
Fir d'éischt ginn d'Tomaten am kachende Waasser fir eng Minutt gekacht, fir dass een d'Haut méi einfach erofkritt. Duerno ginn allebéid a Cubë geschnidden an op d'Säit gestallt. An enger Pan e gudde Schnatz Botter zerlafe loossen, ier d'Gehacktes kuerz staark ugebrode gëtt an da lues kache gelooss gëtt. Wärenddeem kann alt de Basilic zerklengert ginn an och de Parmesan gerappt ginn. D'Waasser fir d'Nuddelen opsetzen an d'Spaghetti dra maachen. An där Zäit kann d'Tomatenzooss an d'Tomate bei d'Fleesch dobäi gemëscht ginn an alles eemol mat Salz a Peffer ofgeschmaacht ginn. Dat Ganzt fir eng 10-15 Minutten op klenger Flam kache loossen. Zum Schluss dann nach de Basilikum dobäi an alles duerchernee maachen. D'Spaghetti aus dem Waasser huelen an alles schéin zesummen um Teller zerwéieren. Voilà... Spaghetti à la Luca.
Kniddelen a Koalitioun mat der Sam Tanson
E bëssche Privates awer och iwwer Politik, zum Beispill wat géif geschéien, wa si Premier géif ginn, ass wärend dem Kache geschwat ginn. Et gouf zwar keng Nuddelen, ma dofir gréng Kniddelen.
Déi fënneft Episod hei klicken
Rezept: Gréng Kniddelen mat Pesto (Rezept vun Anne’s Kitchen)Fir d'Kniddelen:
375 g Miel
150 g Stoffi (Quark 40% Fett)
3 Eeër
25 g Bratzelen
190 ml Mëllech
½ Téiläffel Salz
Peffer
Fir de Pesto:
40 g Kürbiskäre
20 g Rucola
20 g Basilikum
30 g Parmesan, geriwwen
1 kleng Knuewelekszéif, geschielt an zerdréckt
90 ml Olivenueleg
Salz a Peffer
Parmesan, fir ze zerwéieren
Fir 4 Persounen: Miel, wäisse Kéis an Eeër an eng grouss Schossel maachen. Bratzele graff schneiden a mat der Mëllech an e klenge Mixer maachen. Püréieren, bis d'Kraider reng gehackt sinn an d'Mëllech gréng ass. D'Mëllech zesumme mat Salz a Peffer an eng Schossel maachen an zu engem glatem Deeg verréieren.
E grousst Dëppe mat kachendem Waasser fëllen a Salz derbäi maachen. Mat engem Téiläffel eng Portioun Deeg an d'kachend Waasser maachen. Dëst soulaang widderhuele bis den Deeg opgebraucht ass oder de Buedem vum Dëppe mat Kniddele bedeckt ass. Dono soulaang Kache bis d'Kniddelen op der Uewerfläch vum Waasser schwammen – dann nach 2 Minutte weider kachen. D'Kniddele mat engem Schaumläffel aus dem Waasser huelen an an eng Schossel maachen. Deckel drop maachen, fir dass d'Kniddele waarm bleiwen.
D'Ingrediente vum Pesto an e klenge Mixer maachen a püréieren. Mat Salz a Peffer ofschmaachen. D'Pesto ënner déi fäerdeg Kniddele réieren, e bësse Parmesan driwwer streeën an zerwéieren.
Sobas-Nuddele mam Yuriko Backes
Si ass Finanziministesch (DP) a Mamm vun zwee Kanner an hëlt eis mat an hir Heemecht Japan. Mat der DP-Politikerin hu mir Sobas-Nuddele gekacht, e Plat, mat deem si grouss ginn ass.
Déi sechst Episod hei kucken.
Rezept: Japanesch Soba Nuddelen, façon Yuriko
Ingredienten:
1 Pak Soba Nuddelen
250 g Pouletgeschnetzeltes
e gudde Grapp Bounen
Sesamueleg
Sojaszooss
Knuewelek
Hunneg
Zitroun
roude Piment
Koriander
Fir d'Zooss (a wann dir kee Mirin oder Dashi doheem hutt - Japanesch Ingrediente fir dës Zooss) proposéieren ech ganz einfach dat heiten:
6 Iessläffel Räisesseg
4 Iessläffel Sesamueleg
Jus vun 1 Orange
2 Iessläffel brongen Zocker
4 Iessläffel Sojaszooss
2 Iessläffel gereechert Sesamkären
Frësch gerappte Gingember (ech géif hei net zécken, méi e grousst Stéck frësche Gingember ze benotzen)
Am beschten d'Zooss ganz am Ufank maachen, dann op d'Säit stellen - dann ass déi scho mol gemaach.
Bounen dämpen, de Poulet a kleng Stécker schneiden. Mat e bësse Sesamueleg (an eng Zéif Knuewelek wann dir wëllt), gëtt dat dann duerch d'Pan gezunn. Dir kënnt e bëssen Zitroun drop maachen an no Loscht roude Piment dra schneiden.
Zum Schluss e grousse Läffel Sojazooss an 2-3 Läffele Lëtzebuerger Hunneg driwwer maachen. Wann dir Koriander gär hutt, da kënnt dir däers och nach driwwer schneide ganz zum Schluss.
Voilà, dat ass mat Poulet. Dat selwecht kënnt dir och mat Krevette maachen. Oder fir Vegetarier mat engem Geméis.
Wärenddeem ginn dann och d'Nuddele gekacht, déi brauchen normalerweis net laang: +/- 5 Minutten. Wa se fäerdeg sinn, kal Waasser driwwer lafe loossen a se si prett fir zerwéiert ze ginn.
D'Zooss iwwer d'Nuddele schëdden (a Japan ginn d'Nuddelen allerdéngs an d'Zooss gezappt) a mat Fréijoersënnen a kleng geschniddene gedréchenten Algen (optional) dekoréiert. De Poulet kënnt dir niewebäi iessen oder op den Nuddelen zerwéieren.
Penne Carbonara Courgette mat der Paulette Lenert
D'Covid-19-Pandemie huet net just eist Liewe changéiert, ma och dat vun der LSAP-Politikerin. D'Gesondheetsministesch gouf duerch d'Pandemie national immens bekannt. Och wa si lo manner Zäit huet, kacht si nach ëmmer immens gär.
Déi siwent Episod hei kucken.
Rezept: Courgette Carbonara (Rezept vum Jamie Oliver)
Ingredienten: 6 mëttelgrouss gréng a giel Courgetten
500 g Penne
100 ml Ram
1 Handvoll Parmesan
Olivenueleg
6 Scheiwe Speck
bëssen Thymian
Salzwaasser kachen an Nuddelen dra kache loossen. D'Courgette a kleng Stécker schneiden, dono Eewäiss vum Eegiel trennen, d'Eegiel a Ram vermëschen an de Parmesan drareiwen. Mat enger Forschette réieren a Salz a Peffer derbäi maachen. Olivenueleg an der Pan waarm maachen. Speck a Stécker schneiden an an der Pan ubroden. D'Courgette-Stécker derbäi maachen, dono Salz a Peffer.
D'Nuddelen ofschëdden an an d'Pan derbäimaachen. Um Enn d'Pan vum Feier huelen, d'Zooss derbäi schëdden a réieren. Um Teller zerwéieren an eventuell nach e bësse Parmesan driwwer reiwen.