An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäiten dréint sech am 33. Deel alles ëm den Triathlon.

Dem Triathlet Eric Wagner geet et den Ament wéi ville Sportler. Ausser sech fit halen an hoffen, datt geschwënn nees eng offiziell Competitioun organiséiert gëtt, bleift och him net vill iwwreg. Drock mécht sech den Athlet awer keen. Allerdéngs wëll hie sech fir den Ironman 2021 op Hawaii qualifizéieren. Dat wär dann seng zweete Participatioun no 2018.

2018 gouf den Triathlet den 90. beim Ironman op Hawaii. An der Alterskategorie tëscht 30 a 34 Joer koum de Sportler op déi 16. Plaz.

Och wann den Ament d'Courssen eng no där anerer ofgesot ginn, trainéiert den Eric Wagner 6 Mol an der Woch. Mam Ironman op Hawaii 2021 wëll de 34 Joer ale Sportler seng sportlech Karriär dann ofschléissen.

D'Serie "Sportler a Corona-Zäiten am Replay" am Replay