D'Rock University ass eng Museksschoul hei zu Lëtzebuerg, déi hir Course speziell un all Schüler upasst. Musek made in Luxembourg.

D'Rock Universitéit ass eng Museksschoul anescht wéi anerer. Do geet et net drëms, d'Musek just einfach nëmmen ze spillen, mä se ze fillen, ze spieren a virun allem ze personaliséieren. D'Léierpersonal, dat aus professionellen a passionéierte Museker zesummegesat ass, huet sech als Zil gesat, all Talent esou vill wéi méiglech ze fërderen.
 
Mat speziell ugepasste Course kënne si op individuell Besoine vun de jeeweilege Schüler agoen, an dat spigelt sech och an der Musek erëm.

Freides stelle mer Iech iwwert den RTL You ee Museker a säi Video mat engem perséinlech gecoverte Lidd vir. Dës Woch ass et um Ermiioni mam Lidd "I'm not the only one" vum Sam Smith.

1. Stellt Iech an 2-3 Sätz vir.

Mäin Numm ass Ermioni Kaltsas an ech sinn 18 Joer al. Ech studéieren momentan droit op der University of Nottingham an England. Ech sinn zu Lëtzebuerg opgewuess an hunn och hei de Gros vu mengem Liewen verbruecht, dëst zesumme mat mengen Elteren, déi Griichesch an Amerikanesch Originne hunn.

2. Wéini hues du deng Passioun/Don fir d'Musek entdeckt? 

Meng Leidenschaft fir Musek a Gesang huet ugefaangen, wéi ech ganz jonk war. Ech denken, dass déi sëllege Musicals a Filmer déi ech gekuckt hunn, hiren Undeel dozou bäigedroen hunn. Als Kand hunn ech mir d'Texter vun de Lidder eraus geschriwwen, a mir déi a menger Kummer opgehaangen, esou dass ech zu all Moment mat der Musek a Verbindung stoung.

3. Wat bewierkt d'Musek bei Iech?

Sangen war ëmmer e kreativen an emotionalen Outlet fir mech. Esou bewierkt d'Musek ganz vill bei mir, fir do elo eppes Spezifeches eraus ze picken ass schwéier.

4. Wat sinn Är deeglech Aufgaben op der Rock-University Luxembourg?

Ech hu Gesangscoursen op der Rock Universitéit geholl, mat dem Fokus op musikalesch Theaterstécker. An dëse Coursen hunn ech geléiert, fir déi richteg Otemtechnik ze benotzen.  Dëst huet mir gehollef, fir mäi vollt Potenzial ze erreechen a fir d'Emotioun hannert all Song besser erëm ze ginn.

D'Serie am Iwwerbléck