
Koppelen, déi brutal zesummen agespaart sinn a sech zanter Wochen net méi aus de Féiss kommen, Singelen déi aarmséileg a ganz eleng doheem setzen... Egal zu wéi enger Kategorie der gehéiert, hei sinn eng Rei Serien, déi ee ka kucken, fir erëm e bësse Romantik a säi Liewen ze bréngen.
D’Kat Baker war eng erfollegräich Äisdänzerin, um beschte Wee fir bei den Olympesche Spiller matzemaachen, wéi se e schwéieren Accident wärend enger Kompetitioun hat. Nach ëmmer traumatiséiert, ass si net méi kapabel, eleng ze fueren a wëll mam Justin Davis, en Äisleefer mat räichen Elteren, dee gäre Party mécht an e Ruff als „Bad Boy“ huet, zesummeschaffen.
Vun Ufank u fléien d’Fatzen tëscht deenen zwee, an et dauert net laang, bis se net nëmmen eng Koppel um Äis, mä och privat sinn. Souwuel d’Kat wéi och den Justin hu Problemer mat sech selwer a mat hiren Elteren, sou dat hir Geschicht net déi eenzeg ass, déi erzielt gëtt. D’Zeenen an deene se trainéieren oder op Kompetitioune sinn, gehéieren zu de bessere Momenter an der Serie, woubäi déi richteg Äiskonschtleefer an d‘Schauspiller esou gutt duerch Spezialeffekter vermëscht ginn, dat een den Ënnerscheed guer net méi gesäit.
D‘Geschicht u sech ass näischt Neies, mä vu dat all gréisser Sportevenementer ofgesot sinn, ass dat hei eng gutt Méiglechkeet, alt e bësse Sport ze kucken.
Spinning Out ass op Netflix ze gesinn.
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix