Ëmmer méi Modeller ginn ënnert dem EQ-Label lancéiert – groussen Highlight 2022 sinn d’Modeller EQS an EQE.

De beschten Elektroauto?

No der S-Klass d’lescht Joer weist Mercedes mam EQS dann elo deen éischten, vun null op als Elektro-Auto konzipéierte Modell. Nieft der revolutionärer Karosserie am One-Bow-Design stécht och ënnert dem Blech de leschten technesche Stand. Fir de Festival feiert dann d’Sportversioun AMG EQS 53 hir Première. 658 PS, mam AMG Dynamic Plus Package esouguer 761 loossen deen éischten Elektro-AMG an nëmme 3,4 Sekonnen op 100 sprinten. Ugepasst goufen natierlech och den Design an d’Fuerwierk.

Eng weider grouss Première um Festival feiert dann de klenge Brudder vum EQS, den EQE. Den zweete Modell op der neier Elektro-Plattform bleift beim Design zimmlech änlech, ass awer mat 9 cm manner Radstand méi kompakt. Bis zu 660 km Autonomie solle méiglech sinn, d’Motorleeschtung start bei 215 kW.

Viru geet et mam EQB, der Elektro-Versioun vum kompakte SUV GLB. Optional ass hien och mat 7 Sëtzer disponibel, behält also méi oder manner dee selwechte Banneraum. Fir den Ufank ginn zwou Versioune mat 168 an 215 kW souwéi Allrad ugebueden. Och dee méi kompakte Brudder EQA, lescht Joer just als Sneak Preview, ass op dësem Festival fir d’éischt vertrueden. Quasi identesch mam GLA gëtt d’E-Versioun mat 140 an 200 kW Motorleeschtung ugebueden. Maximal 500 Kilometer sollen elektresch ze packe sinn.

Verbrenner mat Stecker

D’lescht Joer goufe se presentéiert, elo rëtschen och d’Plugin-Hybrid-Versiounen no. Ugefaange mat der C-Klass Plug-in-Hybrid; ronn 100 Kilometer elektresch Autonomie gi versprach, kombinéiert leeschten den Turbobensinner an den E-Motor 313 PS. An der S-Klass Plug-in-Hybrid schaffen de Reiesechszylinder-Bensinner an eng 110 kW-Elektromaschinn zesummen. Bis zu 140 km/Stonn an eng Distanz vun iwwer 100 km solle reng elektresch mat der S-Klass méiglech sinn. An e bëssen enger anerer Liga fiert den AMG GT 63 S E Performance. Den éischten Hybrid vu Mercedes-AMG kënnt a Form vum GT 4-Dierer Coupé a leescht eng Systemleeschtung vun 843 PS a 1400 Nm. Ënner 3 Sekonne sinn 100 km/h erreecht, bei normalem Fuerbetrib sollen awer och Verbrauch an CO2 staark erofgoen.

C-Klass-Gamme ausgebaut

Nodeems d’lescht Joer déi nei C-Klass verstoppt hir Première erliewen duerft, ass de W206 elo offiziell um Festival ze gesinn. Hien iwwerhëlt net nëmme vill Design-Elementer, mä och technesch Neiegkeeten wéi d’Allradsteierung vun der S-Klass. Première um Festival feiert d’Versioun mat Offroad-Touch, d’C-Klass All-Terrain. Wéi bei der E-Klass ass et eng Mëschung tëscht SUV a Kombi, 4 cm méi héich wéi d’Kombiversioun vun der C-Klass a serieméisseg mat Allrad an Offroad-Programmer equipéiert.

De Bonbon zum Schluss

Laang huet et gedauert, elo ass endlech deen neien AMG SL do. Wéi d’Bezeechnung et verréit, gehéiert de legendäre Roadster elo zum Programm vun der sportlecher Mercedes-Mark. Statt aus Stol ass den Daach nees aus Stoff, donieft kritt den SL fir d’éischt a senger Geschicht och Allradundriff.