
An datt direkt en Elektro-Cyclist laanscht ee briedert an dann net méi vun der Plaz kënnt, oder datt dat esou ausgesäit. Well et ass staarken Nord-Ostwand an et geet ganz séier an dann ass Elektro net vill wäert. Evident, datt esou vill Profien ouni Kontrakt um Tour sinn. Déi fueren am Peloton a si faarweg a bennzeg ënnerwee a dreiwen all déi Kanner a Kutschen a Rollatoren a Bomen a Bopen op d’Säit, an et denkt een: déi hunn eigentlech hei näischt verluer, solle se dach op der Strooss fueren.
Normal, datt e jonke Mann um Mountain bike Course fiert a seng déck Pneue maachen décke Kaméidi, mä och hie kënnt nom Iwwerhuelen net vun der Plaz an de Poursuiteur hänkt op eemol hannert deem a freet sech, ob dat schlau oder normal ass. Suceur de roue ass vläicht e bësse fiicht.
Normal, sech dat ze froen. An da fuere se laanscht een, deen einfach emol an de Gruef späizt an de Poursuiteur huet grad nach Zäit, sech seng Händsch virun d’Gesiicht ze halen a sech z’iergeren. Normal, zu Igel net d’Sail kucken ze goen, ze séier ënnerwee. A natierlech sëtzen do zu Igel an der Camping-Schenke kéipweis Leit op der Terrass, d’Serveuse huet eppes am Gesiicht. Normal duerchgerëselt ze ginn, do, wou den Treidelpfad esou bockeleg ass wéinst de Bamwuerzelen.
Normal, iwwer d’Hindenburgbrücke nozedenken, 1945 gesprengt, an datt déi do uewe Schéißscharten huet aus dem Krich, déi op de Vëloswee zilen. A kee weess, firwat déi zerstéiert Bréck esou heescht. An hat genee do net een emol en Accident, wéi e mam Carbon-Vëlo an eng Spléck eragefuer an iwwer de Guidon gaange war? A Plainte gemaach huet an - keng Surprise - kee war zoustänneg fir d’Spléck?

No Igel net méi vill lass um Wee. Et geet laanscht déi al 2-Chevaux, déi ëmmer zu Waasserbëllegerbréck parkt. An dann zu Bëlleg ganz normal, datt keng Kontroll op der Bréck ass, freie Fahrt für freie EU-Bürger, wéi schéin. A wéi ëmmer fiddere Kanner ënnert der Sauer-Bréck d’Inten an d’Schwanen. An d’Sankta Maria II fiert a mécht Elblings-Reklam. De “Färmann” ass zwar net méi deen alen, deen ass am Hades, an d’Fär ass och eng nei, mä se ass – an dëser Marie-Géigend – eben no der Joffer Mary benannt an dat ass an Oktave-Zäiten dat Hellegst-Normaalst vun der Welt.
Kloer, vill Cyclotouriste sinn op der Fär. Déi gi fotograféiert vun engem Mann, deen eng schwéier Tëlee schleeft an och d’Nilgänse knipst, déi bal vun der Fär gerippt ginn. An de Präis fir eriwwer – 1,50 Euro – ass deen alen.
Zu Uewerbëlleg, vis-à-vis vun der Fär, de Bistro am Gaart, deen ass och op, wéi soss am Summer. De Patron weist säi Gesiicht a seng Serveuse hiert net. An honnert Meter weider sëtzt eng Fra um Trottoir a wéi esou dacks spënnt si Woll, e Bild aus der Kannerzäit doheem. An de Café e puer Meter weider hannert der Héichwaassermauer huet op: Kaffee und Kuchen 4,50.-, d’Dëscher sti wäit auserneen, schéine Bléck op Bëlleg inklusiv.
An et geet schëtzeg zeréck op Tréier. Um desertéierte Futtballterrain sëtzen Nilgänsen, entretemps normal, iwwerall déi Gänsen.
Laanscht Konz ganz vill jonk Türken op de Bänken. A vun hanne kommen erëm d’Profien am Peloton an iwwerhuele wéi geckeg. De Géigewand ass elo staark, mä do ass immuabel déi Tréierer Schläiss. Duerno féiert de Wee duerch d’Schrebergärten, do läit e réimeschen Tempelbezierk drënner. En Nazi-Archeolog huet deen erfuerscht virum Krich an nom Krich louche 6 Meter Krichsgestécks drop, an driwwer haut eben d’Gaardenhaisercher. Trier-Süd heescht d’Gare. A matzen an der nächster Schreber-Siedlung de Bistro, voll wéi gewinnt, mat Leit, déi drénken a laachen a schwätzen a grad elo ginn der och heem, well et ass Bundesliga op Sky. An um Wee stinn nach zwou Koppelen a si strecken d’Käpp beieneen a maachen e Selfie. 4 Masken hu se un an de Fotograf fuerdert, si misste laachen.
Den Auto steet zu Olewig, no beim Stäre-Restaurant, wou esou vill Lëtzebuerger Autoe stinn. Normalerweis. De Bidon ass eidel, 31 Kilometer gefuer, eng gemittlech Moyenne vun 21, d’Sonn schéngt.
De Blog vum Nico Graf (1): Corona zu Tréier
De Blog vum Nico Graf (2): Corona vun doiwwer
De Blog vum Nico Graf (3): Pizza Corona
De Blog vum Nico Graf (4): 1 plus 3 Coronar Identitéiten
De Blog vum Nico Graf (5): Corona Aventure
De Blog vum Nico Graf (6): Coronar Mediatioun
De Blog vum Nico Graf (7): Déi ganz Corona
De Blog vum Nico Graf (8): Roude Corona-Wee
De Blog vum Nico Graf (9): Coronagequatschs
De Blog vum Nico Graf (10): Coronabléien
De Blog vum Nico Graf (11): Coronéiert maskéiert
De Blog vum Nico Graf (12): Eppes am Wee
De Blog vum Nico Graf (13): Coronar Grillen
De Blog vum Nico Graf (14): Dé con fin ement
De Blog vum Nico Graf (15): Coronar-Getrëlls
De Blog vum Nico Graf (16): Konsumcorona