D'Woch op RTLD'Nouvellen, déi d'Leit beweegt hunn

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
© RTL-Grafik

AMMD setzt Ultimatum
Nodeems d’Dokteschgewerkschaft am Sträit ëm d’Digitaliséierung vum medezinesche Secteur Drock mécht, weist sech de Minister Claude Haagen irritéiert. D’AMMD hat de Mëttwoch op hirer ausseruerdentlecher Generalversammlung ënnert anerem domadder gedreet, net méi beim elektronesche Patientendossier matzemaachen, de Paiement immediat direct falen ze loossen an op d’mannst deelweis aus der Konventioun mat der CNS erauszeklammen.

Etüden, Etüden, Etüden
Den Aarbechtsminister hat eng Etüd an Optrag ginn, fir erauszefannen, ob eng Aarbechtszäitverkierzung sënnvoll wier. D’Resultat ass onkloer an et misst ee weider Etüde maachen.

Fréier Prinzessin gëtt Tëlee-Presentatrice
Een neien Challenge waart op d’Tessy Antony de Nassau. Mir waren derbäi, wéi d’Tessy sech op hir nei Sendung Mënschen a Geschichten virbereet huet.

Frust am Éislek
D’Leit am Éislek si frustréiert a fille sech am Stach gelooss, sot den Adrien Wouters vum Interesseveräin “De Cliärrwer Kanton”. Hie war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Bodycams, Nee Merci
“Ënner esou Konditioune brauche mir keng Bodycam”, seet lo d’Policegewerkschaft, déi u sech Demandeur vun dem System war, virop am Interessi vum Polizist. Am Text gëtt elo en Ënnerscheed gemaach, ob d’Bodycam an engem Espace public oder engem Espace privé benotzt gëtt. Dat wier um Terrain suboptimal.

Muffins mat speziellem Botter

An Australien steet eng Pensionärin viru Geriicht, well si engem Teenager aus Versinn erlaabt huet, mat Haschich-Botter ze baken. Dësen huet d’Muffins du mat an d’Schoul geholl. D’Fra wier am Hallefschlof gewiescht, wéi den Teenager gefrot huet, seet si viru Geriicht.

Neie Look fir RTL
D’Mediemark Nummer 1 zu Lëtzebuerg presentéiert sech vun e Mëttwoch un an engem neien, modernen Design.

Aarm trotz Aarbecht
Lëtzebuerg geet et gutt, mä an de soziale Performancen hänkt een hannendran, sou de Constat vun der Chambre des salariés. De “Working Poor"-Taux läit zu Lëtzebuerg bei 13 Prozent. De Grand-Duché läit domat op der leschter Plaz an der Eurozon.

Lëtzebuerger Futtballist a säin Erfolleg
De Leandro Barreiro huet e Samschdeg beim 3:1 géint den FC Bayern München den 2:1 fir Mainz geschoss. Et ass schonn deen zweete Gol a senger Bundesliga-Karriär géint d’Bayern. Dës Saison huet hie schonn dräi Goler geschoss an der och nach véier virbereet.

Back to Top
CIM LOGO