D'Woch op RTLChaos um Findel, illegal Party opgeléist a Start vun de Paralympics

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Jonker passe manner op

Et kéint schlëmm Konsequenzen hunn, warnt d’Weltgesondheetsorganisatioun. An hirem neiste Rapport geet nämlech ervir, datt ëmmer méi Jonker an Europa beim Geschlechtsverkéier op Kondomer verzichten. De Planning Familiale hei am Land gesäit dësen Trend och bei de Mannerjäregen am Grand-Duché.

Chaos um Findel

Wéinst Reparaturen op der Start- a Landebunn koum et e Mëttwoch zu ville Verspéidungen um LuxAirport. 15 Fligere si méi spéit an d’Loft gaangen, 8 Volle goufe ganz annuléiert.

Vill Autoe louchen an der Strooss

Op der B51 am Bierg erof fir an Tréier war e Camion ëmgetippt an hat seng Charge, verschidden Autoen, verluer. De Materialschued war grouss an an an ëm Tréier koum et zu Problemer am Trafic

Police léist illegal Party op

An der Stauséigemeng hate sech eng 80 Leit fir eng illegal Rave-Party getraff, déi vun der Police huet missten opgeléist ginn. D’Politik huet als Konsequenz méi Policepresenz gefuerdert an huet och op d‘Gefore vun esou Evenementer opmierksam gemaach.

Messerattacken op ville Plazen

Wärend am Grand-Duché nach e Mann, dee mat engem Messer arméiert war, konnt vun engem Sécherheetsbeamte gestoppt ginn, gouf et zwee Virfäll an Däitschland, bei deem déi arméiert Persoun vun der Police erschoss gouf, an een zu Metz, bei deem eng jonk Fra vun hirem Ex-Partner erstach gouf.

Course-poursuite gëtt vu Luuchtepotto getoppt

Déi Belsch a Lëtzebuerger Police waren un enger Poursuite bedeelegt, déi iwwer d’Grenz gaangen ass. Zu Nidderkuer dunn huet de Chauffer d’Kontroll iwwer säin Auto verluer a krut e Potto ze paken.

Legal Party zu Basel

Wann den ESC an d’Stad kënnt, ass eng grouss Feier virauszegesinn. E Freideg gouf bekannt, datt d’Editioun 2025 vum Eurovision Song Contest an der Woch vum 17. Mee zu Basel an der Schwäiz ass.

Paralympesch Spiller lancéiert

E Mëttwoch den Owend hunn zu Paräis d’Paralympics offiziell ugefaangen. Ënnert de 4.400 Athleten aus 168 Länner sinn och déi zwee Lëtzebuerger Tom Habscheid a Katrin Kohl.

Illegal Biller benotzt

Wéi CNN erausfonnt huet, goufe Biller vun enger Fra, déi zu Tréier lieft an zu Lëtzebuerg schafft, fir d’Walcampagne vum Donald Trump mëssbraucht. Déi 32 Joer al Mamm weist sech am RTL-Interview iwwert dëst Virgoe schockéiert.

Back to Top
CIM LOGO