
Schoul zu Rouspert evakuéiert
E Méindeg den Owend goufen eng 70 Leit, dorënner gréisstendeels kleng Kanner, aus Sécherheetsgrënn isoléiert, well an engem Schoulbus Titercher mat enger onbekannter Substanz fonnt gi waren. Eréischt no zwou bis dräi Stonne konnten d’Kanner nees goen. En änleche Virfall gouf et en Donneschdeg am Lycée Michel Rodange um Geesseknäppchen.
Éischt Buergermeeschtere vereedegt
Ronn dräi Wochen no de Gemengewale sinn dës Woch déi éischt Buergermeeschteren a Schäffe vereedegt ginn. An der Stad war et en Donneschdeg esou wäit. Et war déi éischte Kéier, datt den Eed op d’Verfassung an net méi op de Grand-Duc geschwuer gouf.
Groussdeel vun de Leit wëllen de Xavier Bettel nees als Premier
Véier Méint virun de Chamberwalen huet den neiste Politmonitor dës Woch en Iwwerbléck doriwwer ginn, wéi d’Leit d’Politik hei am Land aschätzen. 32 Prozent vun de Befrote wënsche sech de Xavier Bettel (DP) nees als Premier. Op zweeter an drëtter Plaz liwwere sech de Luc Frieden (CSV) an d’Paulette Lenert (LSAP) ee Kapp-u-Kapp-Rennen. Beléiftste Politiker ass nees den LSAP-Ausseminister Jean Asselborn, viru senger Partei- a Ministeschkolleegin Paulette Lenert.
Kokain-Konsum zu Lëtzebuerg geet erop
Am Joer 2021 ass d’Zuel vun de Kokain-Konsumenten zu Lëtzebuerg geklommen a läit mëttlerweil iwwer der Zuel vun den Heroin-Konsumenten. Fënnef Leit sinn am Joer 2021 un enger Iwwerdosis gestuerwen. Hei geet d’Tendenz erof.
34 Deeg Homeoffice elo fir all d’Frontalieren
No Frankräich an der Belsch kënnen elo vun 2024 un och Frontalieren, déi an Däitschland wunnen, 34 Deeg d’Joer vun Doheem aus schaffen. Eréischt doriwwer eraus musse si hiert Akommes och an hirem Heemechtsland besteieren.
9 Joer ale Bouf zu Bäerdref gestuerwen
Um Sonndeg den Owend koum déi traureg Nouvelle, datt zu Bäerdref een 9 Joer ale Jong vun enger Aussiichtsplattform gefall an dobäi ëm d’Liewe komm ass. D’Gemeng huet nom Accident decidéiert, méi Warnschëlder op geféierleche Plazen opzestellen.
Open Air um Kierchbierg
Knapps 15.000 Fans hu sech en Dënschdeg déi brittesch Indie-Rock-Band Arctic Monkeys um Parking virun der Luxexpo ugekuckt. Et war den Optakt vun enger Concerts-Serie, an där d’nächst Woch och de Robbie Williams um Kierchbierg optriede wäert.
Stuermdéif “Poly” zitt iwwer Europa
Mëtt der Woch huet de Stuermdéif “Poly” an Holland an am Nordweste vun Däitschland fir Chaos gesuergt. Zwee Leit sinn duerch Beem, déi ëmgefall sinn, ëm d’Liewe komm.
Situatioun am Westjordanland eskaléiert
D’Tensiounen tëscht Israel a Palestina sinn héich. E Raid vum israeelesche Militär zu Dschenin am Westjordanland huet zu enger Revanche-Attack vu militante Palestinenser zu Tel Aviv gefouert. Och nodeems den Asaz e Mëttwoch op en Enn goung, blouf d’Situatioun explosiv.
Eng gespléckte Partei?
An der Emissioun “Invité vun der Redaktioun” huet de fréieren ADR-Deputéierten Roy Reding vun engem Split an der Partei geschwat. Hie wier aus der ADR “erausgedréckt” ginn an hie wier och net deen Eenzege gewiescht. Och am Norden hunn dës Woch véier weider Memberen d’Partei verlooss.
Leschten um D-Day bedeelegte Fransous gestuerwen
De Léon Gautier war um D-Day de 6. Juni 1944 mam franséisch Kommando Kieffer an der Normandie gelant. 79 Joer méi spéit ass hien elo am Alter vun 100 Joer gestuerwen.
Buergermeeschter a Mexiko bestuet e Krokodil
De Buergermeeschter vum mexikaneschen Duerf San Pedro Huamelula huet d’Kaiman-Damm Alicia Adriana bestuet. Domat ass de Gemengepapp enger aler Traditioun nokomm, déi fir gutt Recolte soll suergen.
Danel Sinani wiesselt bei den FC St. Pauli
Am Futtball war et dës Woch d’Nouvelle, datt den Danel Sinani bei den Hamburger Kult-Club St. Pauli wiesselt. Vun der nächster Saison u spillt de Lëtzebuerger do an der zweeter Bundesliga.