D'Woch op RTLESC-Audition an der Rockhal, Regierungsdeklaratioun a Wafferou am Noen Osten

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Rekord-Campagne an awer net direkt qualifizéiert

D’Futtball-Nationalekipp huet ganzer 17 Punkten an der EM-Qualifikatioun gesammelt. Mat enger drëtter Plaz an hirer Grupp, hanner Portugal an der Slowakei, huet ee sech awer esou just net konnte qualifizéieren. Déi Chance besteet awer nach iwwert d’Nations League. Hei mussen d’Rout Léiwen den 21. Mäerz a Georgien untrieden. Bei enger Victoire vun dëser Partie géif ee fënnef Deeg méi spéit heiheem géint de Gewënner vum Match Griichenland-Kasachstan spillen. De Gewënner vun dëser Finall séchert sech dann eng Plaz op der EM an Däitschland.

Lëtzebuerger ESC-Auditions an der Rockhal

Enn der Woch hu sech ronn 50 Artisten d’Klensch an der Rockhal an d’Hand ginn. Virun enger internationaler Jury, déi elo virun der schwéierer Decisioun steet, fir d’Finaliste vun der Lëtzebuerger ESC-Kampagne ze decidéieren, hu si hir Lidder presentéiert. Déi grouss Lëtzebuerger Finall a Liveshow ass de 27. Januar.

Aarbecht vun neier Regierung a Chamber lancéiert

Nodeem déi nei Ministere vereedegt an d’Chamber elo och komplett ass, fänkt den Aarbechtsalldag fir déi gewielte Politiker an eis Vertrieder un. Eng vun den éischten Amtshandlunge vum neie Premier Luc Frieden war seng Deklaratioun an der Chamber, duerch déi d’Land weess, a wéi eng Richtungen et déi nächst Méint a Jore wäert goen. Luef koum aus den eegene Reien a Kritik, wéi net onerwaart, vun der Oppositioun, dat och scho virun den Debatten en Donneschdeg an der Chamber. Ma ass séier geschafft och gutt geschafft? Dat war d’Thema an eiser Emissioun Kloertext, mat de Fraktiounscheffen a Presidente vun alle Parteigruppen, déi an der Chamber vertruede sinn.

Fir vill Diskussioun an der Populatioun suergen dann d’Indemnitéite vun den Ex-Minister, déi sech op maximal bis iwwer 220.000 Euro op zwee Joer verdeelt kënne belafen.

Israel an Hamas decidéiere Wafferou

Béid Krichsparteien am Noen Oste konnte sech op eng kuerz Wafferou eenegen, déi e Freideg a Kraaft getrueden ass. Deel vum Deal ass dann och, datt d’Hamas Geiselen am Austausch mat Prisonéier aus Israel fräiléisst. Riets war bis ewell vu ronn 50 Geiselen, déi iwwert déi véier Deeg, nodeem d’Wafferou a Kraaft trëtt, solle fräikommen. Israel huet awer schonn annoncéiert, datt hiren Asaz an der Gazasträif no der Paus nees géif weidergoen. All déi wichtegst Informatiounen zu dësem Konflikt fannt der wéi gewinnt an eisem internationale Liveticker.

Famill wëll Opklärung no déidlechem Accident an Thailand

An der Nuecht vum 5. November ass an Thailand eng jonk Lëtzebuergerin bei engem Accident ëm d’Liewe komm. Well ee bis elo awer wéineg Informatioune vun der Plaz krut, freet d’Famill elo Hëllef a wëll, datt den trageschen Tëschefall opgekläert gëtt.

Bankomater optimal iwwert d’Land verdeelen

E gemeinsame Reseau u Bankomater ass d’Zil vu sechs grousse Lëtzebuerger Banken. Dës Geräter sollen optimal am Land verdeelt ginn, supplementär Funktiounen hunn an den CO2-Foussofdrock minimiséieren, andeem déi Schäiner, déi vun engem Client abezuelt goufen, vun engem anere kënnen opgehuewe ginn.

Escher Ökoduerf BENU gëtt opgeléist

Trotz Subventioune hat de BENU ronn 945.000 Euro Scholden. D’Käschte, fir d’Duerf um Lafen ze loossen, hu sech op ronn 2 Milliounen Euro pro Joer chiffréiert. 42 Leit hunn do geschafft.

Schwaarz Woch fir Lëtzebuerger Kulturzeen

Nodeem Ufank der Woch de renomméierte Lëtzebuerger Architekt, Urbanist a Sculpteur Rob Krier am Alter vu 85 Joer gestuerwen ass, koum en Donneschdeg déi traureg Nouvelle vum Doud vum Kënschtler Armand Strainchamps, dee just 68 Joer al ginn ass.

Amerikanescht Fest a gutt Präisser

An den USA gouf en Donneschdeg eent vun de gréissten nationale Fester gefeiert: Thanksgiving. Den Dag dono gouf et dunn de bekannte Black Friday, wou Leit probéieren, déi beschten Deals an de Butteker ze kréien. Iwwert d’Geschicht vun dësem amerikanesche Feierdag ma och, wéi US-Expats dësen zu Lëtzebuerg feieren, hu mir eis informéiert.

Back to Top
CIM LOGO