D'Woch op RTLLëtzebuergesch am EU-Parlament, Halloweendeko zu Esch an onfrëndlecht Lëtzebuerg

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Zirkusnummer oder patriotesch Aktioun?

Villmools Merci Här President. Als Nationalsprooch vun engem Memberland... A vill méi konnt de Fernand Kartheiser net op Lëtzebuergesch soen, éier d’Iwwersetzer vum EU-Parlament agegraff hunn an hie vum Vizepresident ënnerbrach gouf. Wat fir déi eng eng patriotesch Aktioun war, ass fir anerer eng reng “Zirkusnummer”. An domadder Moin Moin a Welcome bei der Woch op RTL, den News, déi der definitiv net sollt verpasst hunn.

Dat deet jo schonn am Ouer wéi

Et kann ee scho bal frou sinn, wann ee keng Kopfhörer unhat, wéi en Dënschdeg den LU-Alert lassgaangen ass. Den éischten nationalen Test war wuel gréisstendeels erfollegräich, och wa verschidde Bierger elo schonn dovunner genervt sinn. Fir déi verschiddenst Problemer erauszefannen, huet de Ministère elo e Sondage lancéiert, deen ee bis den 1. November ka maachen.

Police wéinst Halloween-Deko am Asaz

Zu Esch hat eng Nopesch d’Police geruff, wéinst der Halloween-Deko an dem oppene Feier virun der Dier. Wéi d’Feier bis aus war, waren d’Beamten och erëm fort.

Lëtzebuerg ass “onfrëndlechst Land”

Dat op alle Fall seet de Mark Wolters. De Youtuber aus den USA huet fonnt, datt een an de Geschäfter an am Horeca-Secteur hei am Land net wierklech frëndlech a gutt zerwéiert gëtt. Soss huet him Lëtzebuerg awer gutt gefall.

Trëppeltour mat déidlechem Ausgang

Zu Lelleg war e Sonndeg de Mëtteg e Wanderer vun engem Bam getraff ginn, deen ëmgefall war. Obwuel d’Rettungsekippe séier do waren, huet de 40 Joer ale Mann seng Blessuren net iwwerlieft. D’Enquête leeft, mat et bleiwen nach vill Froen op.

Früüchen aus Spidol entfouert

Zu Paräis gouf de klengen Santiago, deen ze fréi op d’Welt koum, vu sengen Elteren aus dem Spidol entfouert ginn. Den Auto vun der Famill gouf zu Charleroi fonnt. Déi franséisch a belsch Autoritéiten hoffen, d’Kand nach lieweg ze fannen an hunn d’Famill opgeruff, de Santiago, deen dréngend medezinesch Hëllef brauch, an dat nächst Spidol ze bréngen.

Muss Lëtzebuerg méi a méi séier ausweisen?

Déi Fro gouf am Kloertext an Donneschdeg analyséiert. Och wann een iwwer d’Definitioun vu verschidde Wierder an dem Virgoe bei verschiddene Prozedure ka streiden esou ware sech déi véier Invitéë kloer: Europa brauch eng Immigratioun, fir weider kënnen ze funktionéieren. Dat och, wann d’EU-Baussegrenzen deels grouss Problemer wéinst der illegaler Immigratioun hunn.

Aarbechtsminister a Gewerkschaften op Krichsfouss

Aktuell si sech de Georges Mischo an d’Gewerkschaften net eens, an dat ass wuel ënnerdriwwe formuléiert. Grond fir dës Streidereie si wuel Aussoe vum Minsiter, deen eventuell geplangt hat, de Gewerkschaften net méi de Monopol bei de Verhandlunge bei de Kollektivverträg ze ginn, mä do och fräi Lëschten, déi sech a Firme forméieren, ze consideréieren. En Thema, wat och d’Dany Rasqué an hirem Commentaire opgegraff huet.

Back to Top
CIM LOGO