
Käpp bekannt, Regierung steet
Nodeem d’Gremie vun der CSV an der DP hiren Accord ginn hunn, gouf e Mëttwoch offiziell bekannt gemaach, wie Lëtzebuerg an den nächste wuel fënnef Joer wäert regéieren. Dobäi si ganz Rei nei Gesiichter, ma a verschiddene Ministère wäert et zu kenge gréissere Verännerunge kommen. Grad dat awer suergt bei den Oppositiounsparteie fir Kritik, wärend de Koalitiounsaccord ënnerschriwwe gouf an den neie Premier Luc Frieden schonn déi éischt Verännerungen annoncéiert huet, dorënner eng réckwierkend Upassung vun der Steiertabell un den Index. Vun haut un ass d’Regierung Frieden/Bettel dann och an der Verantwortung, well si alleguerte goufen offiziell vereedegt.
Net méi an der Regierung an och net mat an d’Chamber
Am RTL-Interview huet de Jean-Asselborn matgedeelt, datt hien elo spiert, datt hien elo seng Rou brauch. Dowéinst huet de laangjäregen Ausseminister an d’LSAP-Zuchpäerd am Süden och decidéiert, fir net an d’Chamber sëtzen ze goen. Iwwer weider Detailer hu mer dunn e Samschdeg mat him an der Emissioun “Background am Gespréich” geschwat.
Et muss méi geschoss ginn
Déi Fuerderung koum vun eisem Invité vun der Redaktioun Laurent Schley. Bezunn ass d’Ausso op d’Juegd zu Lëtzebuerg. Dem Sousdirekter vun der Naturverwaltung no ass de Wëldbestand am Grand-Duché ze héich, virop bei de Wëllschwäin an de Réi. Well quasi a ganz Europa natierlech Friessfeinde wéi de Luchs oder Wollef feelen, mussen d’Ofschlosszuele vun de Jeeër an d’Luucht gesat ginn.
Méiglecht Héichwaasser zu Lëtzebuerg
En Donneschdeg an e Freideg haten d’Héichwaasserzentral a MeteoLux Wieder- an Héichwaasserwarnunge fir de südlechen Deel vum Land erausginn. Op ville Plaze sinn d’Peegele geklommen, ma déi grouss Iwwerschwemmunge sinn ausbliwwen.
Mëssel um Stater Chrëschtmaart
Verschidde Lëtzebuerger Forainen hu sech driwwer beschwéiert, datt si dëst Joer um Stater Chrëschtmaart keng Plaz kruten, obwuel dëse Chrëschtmaart 1984 extra fir déi Lëtzebuerger Foraine gegrënnt gouf, fir datt si och am Wanter Sue verdénge kënnen. Vun der Stater Gemeng heescht et, datt och wann si dëst Joer net dobäi wieren, datt et net automatesch dann och fir dat nächst Joer esou ass.
Vulkanaktivitéiten an Island
Mat engem Lëtzebuerger Vulkanolog hu mer iwwert déi aktuell Situatioun op der Insel am Norde vun Europa geschwat. De Romain Meyer huet dës ganz einfach resuméiert: “Et ass wéi d’Mëllech op der Kachplack, déi bal iwwerkacht”.
Kricher an Ukrain an am Noen Oste geet weider
Iwwer ëmmer neien Attacken a klenge Victoiren um Terrain héiere ëmmer erëm aus der Ukrain, wou déi national Arméi sech géint d’Truppen aus Russland verdeedegt a probéiert, verluerenen Terrain ze liberéieren. Grouss Opreegung gouf et dës Woch an der Gazasträif, well israeelesch Truppen an d‘Al-Shifa-Spidol amarschéiert sinn. Eegenen Aussoen no huet d’IDF hei Waffen, Material awer och en Hamas-Tunnel entdeckt. All d’Detailer dozou fannt der wéi gewinnt an eisem Liveticker.
Lëtzebuerg iwwerzeegt géint Bosnien
Mat engem 4:1 doheem hunn d’Rout Léiwen eng schonn erfollegräich Campagne nach verbessert. Getraff hu fir d’Lëtzebuerger den Olesen, Mujakic an zwee Mol de Rodrigues, eenzege Gol fir d’Bosnier huet de Gojkovic markéiert. E Sonndeg den Owend ass et dann déi leschte Partie an der EM-Quali fir d’FLF-Formatioun a Lichtenstein.
Première mat Hindernisser
De Weekend hu mer am Sport eng Première. D’Formel 1 mécht e Stopp zu Las Vegas. Ma de Grousse Präis aus der Sin City ass bis ewell net ouni Hindernisser ofgelaf. Den Éischte Fräien Training huet scho missten no 8 Minutten ofgebrach ginn, well et eng Pann mat engem Kanaldeckel gouf.