D'Woch op RTLSuper Tuesday ouni Instagram, méiglech Mëssstänn bei den CFL a spuersame Budget

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Awer keng Mëssstänn bei den CFL?

Déi national Bunn gesäit keng Mëssstänn an hirer BMS-Cellule, esou wéi d’Tageblatt gemellt hat. Dës wier net dofir do, fir en dauerhafte Monitoring vun de Kameraen op de Garen an an den Zich a Busser ze maachen. An datt d’Mataarbechter géife schlofen oder Netflix kucken, gouf och zeréckgewisen. D’Leit op dëse Plaze géifen nämlech kontrolléiert ginn.

Post an de soziale Medie suergt fir Opreegung

Den CSV-Deputéierte Marc Lies hat an de soziale Medie fir Opreegung gesuergt, nodeem hie Flüchtlingen ënner Generalverdacht gesat an de Jean Asselborn attackéiert hat. Seng Partei huet e klärend Gespréich mat him gefouert, ma Kritik un der Situatioun koum direkt vun den Oppositiounsparteien ausser der ADR. No der ganzer Affär huet de Betraffenen awer och selwer gesot, datt hie säi Post net esou hätt solle maachen.

Taxi ouni Chauffer?

Dës Virstellung kéint zu Lëtzebuerg an noer Zukunft Realitéit ginn, well d’Ministeren Delles a Bettel hu mat Pony.ai, déi scho Robotaxien an den USA an a China fueren huet, e “Protocol d’entente” ënnerschriwwen, fir d’Firma och op Lëtzebuerg ze kréien.

Bal keng sozial MedienU sech ass et gutt, datt mer eise Réckbléck ëmmer freides maachen. Dësen Dënschdeg wier dëst net méiglech gewiescht. Déi Leit, déi eis nämlech um Instagram kucken, hätten dëse Video iwwer Stonnen net kéinte gesinn, well et eng weltwäit Pann bei Meta, dem Mammenhaus vu Facebook an eben och Instagram, gouf.

Rematch Trump vs Biden

Bleiwe mer beim Dënschdeg. Do war an den USA de Super Tuesday, also de wichtegsten Dag vun de Virwale vun de Presidentiellen. Wärend bei den Demokrate scho méi laang quasi sécher feststoung, datt si den US-President Biden an d’Course schécken, konnt den Trump seng lescht Konkurrentin Haley iwwertrompen a sech d’Kandidatur sécheren.

Staat muss Depensen erofsetzen

Dat geet aus dem Budgetsprojet fir 2024 ervir, deen dës Woch presentéiert an deposéiert gouf. Gutt Nouvellë gouf et da fir de Budget, also ouni Gemengen a Sozialkeesen, well een do bei den Depense schonn 1,6 Milliarden Euro méi niddreg läit, wéi nach virun e puer Méint. Trotzdeem sollen d’Ausgaben awer nach weider erofgesat ginn, esou datt verschidde Spuermesuren annoncéiert goufen. Kritik gouf et da wéi gewinnt vun der Oppositioun.

Wat maache bei Geiselnam?

Am leschten Deel vun eiser Serie iwwert d’Spezialunitéit vun der Police hu mer d’Beamte bei enger Übung begleet. Hei gouf d’Situatioun vun enger arméierter Geiselnam nogestallt. Déi dräi Deeler vun der Serie iwwert d’USP kënnt Dir am Replay nach eng Kéier kucken.

Weltfraendag

Wärend et zu Lëtzebuerg eng Ausnamesituatioun gëtt, well d’Fraen an der Moyenne e méi héije Stonneloun hunn, ginn et awer nach Beräicher, wou wéineg Fraen aktiv sinn. Esou hu mer dräi Damme kennegeléiert, déi op engem Chantier schaffen, eng Studentin op der Münchener Héichschoul fir Film begéint an eng Futur-Doktesch begleet.

Groussen Opwand

Eng Ekipp vum Magazin konnt e Bléck hannert d’Kulisse vun enger Staatsvisitt geheien. Si hunn d’Leit begleet, déi d’Visitt vum tschechesche President Petr Pavel preparéiert hunn.

Back to Top
CIM LOGO