D'Woch op RTLWeider Detailer iwwer Saisie vu Kokain zu Bilschdref an Eclat ëm den Tom Weidig

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
© RTL Grafik

Knapp 890 Kilogramm Kokain waren zu Bilschdref gelagert

Dës Woch huet de Parquet weider Detailer zu der gréisster Drogesaisie an der Lëtzebuerger Geschicht kommunizéiert. Am Concasseur, deen um Haff zu Bilschdref gelagert war, ware ronn 890 Kilogramm Kokain verstoppt. Wéi de Bauer, deem den Haff gehéiert, erkläert huet, hätt hien nëmmen d’Erlabnis ginn, dass d’Maschinn op sengem Haff tëschegelagert gëtt. Hie wier frou gewiescht, wéi alles fort wat.

Zolidd Kritik um Tom Weidig

En Eclat gouf et dann dës Woch ronderëm den Adr-Deputéierten Tom Weidig. Dësen hat op Facebook e Commentaire geliked, an deem dozou opgeruff gëtt, LGBTQ ze vernichten. D’Chamber huet doropshin eestëmmeg eng Resolutioun géint Gewalt, Haass an Diskriminatioun gestëmmt.

Rosa Lëtzebuerg huet iwwerdeems esouwuel eng Plainte géint den Auteur vum Post wéi och géint de Politiker deposéiert. D’Associatioun fuerdert dann och, datt den Tom Weidig sech bewosst gëtt, wéi eng Responsabilitéit hien als Deputéierten huet, an datt hien als Konsequenz dovu vun all senge politeschen Ämter zerécktrëtt.

D’ADR selwer wäert dann d’nächste Méindeg iwwer eng Disziplinarprozedur géint hire Member decidéieren.

Déidlechen Accident tëscht Hitten an Näerden

En Dënschdeg de Moie géint 4.45 Auer koum et zu engem Accident op der Streck tëscht Hitten an Näerden, bei deem eng Persoun ëm d’Liewe komm ass.

En Automobilist vun 21 Joer ass aus bis ewell ongekläerter Ursaach vun der Strooss ofkomm an op der rietser Säit frontal an e Bam gerannt. Fir de Mann aus dem Weste vum Land sollt all Hëllef ze spéit kommen. En ass nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen.

Nieft dem SAMU goufen och d’Ambulanz vu Réiden, grad ewéi d’Pompjeeë vu Biekerech a Réiden op d’Plaz geruff.

Automobilist fiert zu München a Maniff

Uergen Tëschefall an Däitschland. Zu München ass en Donneschdeg en Auto an eng Maniff vun der Gewerkschaft Verdi gerannt. 36 Persoune goufe blesséiert, vun deenen der zwou a Liewensgefor schwiewen. Iwwert den Täter selwer ass gewosst, dass et sech ëm e 24 Joer ale Mann handelt, deen am Afghanistan gebuer gouf an am Joer 2016 an Däitschland ausgewandert ass, dat als mannerjärege Flüchtling. Hie wier legal am Land gewiescht, huet zu München gewunnt, an huet ënnert anerem als Detektiv an engem Geschäft geschafft. Weider ass gewosst, dass de Mann wuel reliéis aktiv, an och reegelméisseg an der Moschee war. Hie war bis zu der Dot net virbestrooft.

Gréissert Feier um Groesteen

E Méindeg am Nomëtteg ass et op engem Bauerenhaff um Groesteen op Maacher Territoire zu engem gréissere Brand komm. Wéi et vum Proprietär vum Haff geheescht huet, hätt e Camion, deen eng Liwwerung Fudder fir d’Béischten op den Haff bruecht huet, Feier gefaangen. Dëst hätt duerno op en Hangar iwwergegraff, an deem Heebotte louchen.

Dem CGDIS no wiere 65 Pompjeeën op der Plaz gewiescht, fir d’Feier ënner Kontroll ze kréien.

D'Woch op RTL vum 14. Februar 2025
Detailer zu Kokain-Saisie, Eclat ëm Tom Weidig, Auto fiert zu München a Maniff a Proffen, déi sech wéi Schüler undinn.

Diddelenger Schoulpersonal deet sech een Dag u wéi hir Schüler

Zu Diddeleng am Lycée Nic Biever hunn d’Proffe vum BTS Digital Content sech een Dag wéi hir Schüler ugedoen. Si sinn zum Beispill am Jogging, mat Kap a Sneaker an d’Schoul komm. Sënn vun der Aktioun war et, de Schüler bewosst ze maachen, wéi hir Kleeder op anerer wierken. Videoe vun der Aktioun sinn dann och am Kader vun der Sensibiliséierungscampagne “Däin Outift schwätzt fir dech” op d’sozial Medie gesat ginn.

TICE hält Enn des Joers mam Schülertransport op

Vun Dezember dëst Joer u wäerten d’TICE-Busser net méi fir de Schülertransport am Asaz sinn.
Dës Decisioun, déi e Méindeg an engem Schreiwes vum Mobilitéitsministère kommunizéiert gouf, huet de Büro vum Minetter Bus-Syndikat zesumme mat de Responsabele vum Ministère geholl. Deemno wäert den RGTR den Transport vun de Schüler vu Januar d’nächst Joer un iwwerhuelen.

CGDIS-Generaldirekter hätt no déidlechem Accident zu Huldang ze séier Konklusioune gezunn, sou Affekot vun Affer

De Maître Daniel Baulisch vertrëtt d’Famill, där hir Groussmamm un de Suitte vum Accident de 25. Januar zu Huldang gestuerwen ass. D’Famill wier aktuell an engem extrem schlechten Zoustand an an déiwer Trauer. Den Affekot weist sech och schockéiert iwwer den Accident selwer souwéi den Oflaf dono an ass irritéiert iwwert d’Aussoen, déi de Generaldirekter vum CGDIS Ufank Februar gemaach huet. Dësen hätt besser gewaart, bis d’Enquête, déi aktuell leeft, ofgeschloss ass, éier hie sech zu der interner Affär beim CGDIS äussert, esou den Affekot.

Back to Top
CIM LOGO