Home for Christmas/Weihnachten zuhause (Netflix)

Léift an der Zäit vum Corona: Liebespaaren, déi grausam ausernee gerappt gi wéinst gespaarte Grenzen ...
Koppelen, déi brutal zesummen agespaart sinn a sech zanter Wochen net méi aus de Féiss kommen, Singelen déi aarmséileg a ganz eleng doheem setzen... Egal zu wéi enger Kategorie der gehéiert, hei sinn eng Rei Serien, déi ee ka kucken, fir erëm e bësse Romantik a säi Liewen ze bréngen.
An “Hjem til jul” oder “Weihnachten zuhause” geet et em d’Johanne – net Johanna – eng drësseg Joer al Infirmière aus Oslo, déi zanter hire Frënd virun e puer Joer Schluss gemaach huet, Single ass. Si selwer ass scho laang iwwert hien ewech, mä hir Famill leider net. A fir dat si endlech Rou ginn, erzielt d’Johanne hiren Elteren kuerzer Hand, datt se hiren neie Frënd mat op d’Chrëschtdagsiesse bréngt. Dat ass allerdéngs problematesch, wëll si huet jo kee Frënd.
Wat duerno kennt, ass dem Johanne seng Sich no engem Frënd, dee si ka mat Heem huelen, mat enger Rei vu witzegen a romantesche Situatiounen. Wann een d’Gewunnecht mat amerikanesche romantesche Komedien huet, ass dës norwegesch Produktioun eng agreabel Iwwerraschung, wéinst der onhysterescher Aart a Weis vun de Personnagen an dem dréchenen Humor.
D‘Serie ass relativ kuerz mat 6 Episoden, déi ongeféier eng hallef Stonn daueren, an un d’Ikeareklammen erënneren, a se huet de Virdeel, een drun z'erënneren, dat Chrëschtdag nach wäit ewech ass an d’Coronakris bis dohinner iwwerstane misst sinn, a mer dann hoffentlech nach, oder erëm, een hunn, dee mer kënne mat op d’Chrëschtdagsiessen huelen.
Weihnachten zuhause ass op Netflix disponibel.
D'Deeler aus "Romantesch Serien"
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
D'Deeler aus "Serien aus der gudder aler Zäit
Deel 1: The Alienist op Netflix
Deel 2: Las Chicas del Cable op Netflix
Deel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"
Deel 1: Supernatural op Amazon
Deel 2: The good Wife op Amazon
Deel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op Netflix
Deel 2: Tierkei: The Protector op Netflix
Deel 3: Israel: Beauty and the Baker op Amazon