De Summer steet virun der Dir a mir ginn an déi zweet Ronn vun eiser Serie iwwer d'Prestatioune vun der Gesondheetskeess.

An der éischter Episod geet et ëm d'Assurance Dependance. Ma wie gëllt iwwerhaapt als dépendant? Oder anescht formuléiert: wien huet d'Recht op dës Hëllefen?

Am Prinzip ass en Dependant eng Persoun, déi ouni d'Hëllef vun enger drëtter Persoun net duerch den Alldag kënnt. Als Grond fir dës Ofhängegkeet gëlle Krankheeten, physesch Problemer, an och psychesch Handicappen.

Ganz esou einfach ass et awer net. Eng Persoun gëllt offiziell dann als Dependant, wa se regelméisseg an op d'mannst dräi an eng hallef Stonnen an der Woch Hëllef brauch. An dat während mindestens 6 Méint oder fir ëmmer. Wann een dës Konditioun erfëllt, huet een ëmmer e Recht op d'Assurance Dependance.

De Gaston Fischer, Assistant Projets bei der CNS: Wann ee bis Dependant ass, huet een ëmmer Recht drop, ausser dass wa bei enger Réevaluatioun festgestallt gëtt, dass den Zoustand vun der Persoun sech verbessert huet an dass si dann eben ënnert de Seuil vun 3,5 Stonne pro Woch fält.

Fir d'Hëllef unzefroen, muss ee just e Formulaire ausfëllen. Dëse schéckt een dann zesumme mat engem Rapport vum Dokter bei d'Gesondheetskeess. Wann d'Demande accordéiert gëtt, huet de Prestataire eng ganz Rei Hëllefen zegutt.

Gaston Fischer: Et ënnerscheet een tëschent zwou verschidde Kategorië vun Akten an Hëllefen. Dat eent, dat sinn d'Haaptakten, also déi Akten déi ee brauch fir am Alldag duerchzekommen. Dat heescht déi kierperlech Hygiène, Zänn wäschen, an d'Dusch goen, op d'Toilette goen, d'Ernährung, kachen, Hëllef beim iessen an drénken... an och d'Mobilitéit, opstoen, sech leeën, sech undoen. An da ginn et nach aner Hëllefe wéi déi individuell Hëllefen doheem, fir akafen ze goen, fir d'Spull ze maachen...

Da ginn et och nach technesch Hëllefen. Dat kann zum Beispill ee Rollstull sinn, e speziellt Bett, oder och e Lift. D'Prestatioune sinn deemno immens villsäiteg, awer net ouni Grenzen.

Gaston Fischer: Et gëtt Plafongen pro Prestatioun. Dat heescht z.B. bei den Haaptakte vum Alldag iwwert déi mer scho geschwat hunn, do gi prinzipiell bis zu 24,5 Stonnen d'Woch iwwerholl. 

Wann een och am Stot gehollef kritt, kommen nach eng Kéier zwou an eng hallef Stonnen dobäi. Fir en Ëmbau vum Haus kritt de Prestataire maximal 26.000 Euro erëm.

AUDIO: Serie CNS (29. Deel) - Assurance Dependance

D'CNS-Serie am Iwwerbléck