D'CNS ass de gemeinsamen Uspriechpartner fir all Versécherten am Privatsecteur a Saache Kranken- a Fleegeversécherung zu Lëtzebuerg, spéitstens zënter 2009

An eiser Serie iwwert d'Gesondheetskeess hu mer déi leschte Woche méi genee gekuckt, wat den Prestataire zu Lëtzebuerg gebuede kritt. Ma wou kommen déi Prestatiounen hier? A wéi fonctionnéiert d'Zesummenaarbecht tëscht der CNS an dem Staat?

AUDIO: Serie CNS (27. Deel) - Neien Depistage bei Daarmkriibs

Wann een zu Lëtzebuerg schafft, dann ass een och zu Lëtzebuerg verséchert. Dat gesäit déi Europäesch Regelung esou vir. Ma wou kommen déi Decisiounen hier, déi all Assuré betreffen? D'Initiativ kënnt meeschtens vum Ministère. Mir hunn hei eng Kollaboratioun tëschent der Regierung, der Gesondheetskeess an nach aneren Acteuren.

Am Kader vun der Preventioun, ginn et verschidde Programmer, déi duerch eng Konventioun tëscht der CNS an dem Staat gereegelt ginn. An dëse Konventioune gëtt festgehalen, wéi déi verschidde Programmer oflafen, wéi laang se daueren, fir ewéi eng Zilgruppen se geduecht sinn awer och wie fir wat fir eng Käschten zoustänneg ass.

Am Moment hätt d'CNS e puer Programmer lafen, dat wären d'Impfung géint d'Gripp bei Risikopatienten a Patienten iwwer 65 Joer, sou de Gaston Fischer, Assistant Projet bei der CNS. Donieft d'Impfung géint den Huma Papillomavirus, dee fir de Gebärmutterhalskriibs responsabel ass, dat fir Meedercher tëscht 11 an 13 Joer. Et hätt een e preventive Mammographie-Programm lafe fir Fraen tëschent 50 an 65 Joer. An dann hätt d'CNS och en integraalt Remboursement fir Zännbehandlunge bei Kanner a Jugendlechen ënner 18 Joer.

Weider ginn et Remboursementer:

Vum Contraceptif fir Frae bis am Alter vun 25 Joer.
De Programm géint den Tubakmëssbrauch.
De Programm fir eng Prise en Charge vum Depistage vun Ierfkrankheeten, ënner anerem dem Syndrôme de down oder Trisomie21.
Da gëtt awer och nach en Zentrum fir d'Preventioun vu Réckenkrankheete geschafen.
Ganz nei ass e Programm fir den Depistage vun End- an Déckdaarm-Kriibs, bei Persounen tëscht 55 an 74 Joer.

D'CNS-Serie am Iwwerbléck