Serie Rentrée - Deel 9: No der Grondschoul-RentréeUm Donneschdeg war et un de 7ièmes-Klassen am Secondaire

Lynn Cruchten
Fir all déi Schüler, déi am Juli de Cycle 4.2 mat Succès ofgeschloss hunn, ass d’Schoulvakanz elo och eriwwer.
Ronn 190 nei Schüler goufen zu Maacher am Lycée begréisst
Si kruten um 1. Schouldag nach wichteg Informatiounen mat op de Wee an haten d’Geleeënheet, sech mat hirem neien Ëmfeld vertraut ze maachen.

Um Donneschdeg war Schoulrentrée fir déi dausende 7ième-Schüler uechtert d’Land. Fir si fänkt domat eng nei Etapp an hirer Schoulkarriär un. Elo si si net méi déi eelst, mee déi jéngst am neie Schoulgebai. Se hu méi verschidden Enseignanten a vill nei Matschüler, déi se elo no an no wäerte besser kenneléieren.

RTL war en Donneschdeg de Moie fréi mat der Kamera am Maacher Lycée ënnerwee, wou ronn 190 nei Schüler, zesumme mat hiren Elteren, vun der Direktioun begréisst goufen. Si kruten um éischte Schouldag nach wichteg Informatiounen mat op de Wee an haten d’Geleeënheet, sech mat hirem neien Ëmfeld vertraut ze maachen.

„Méi no bei Iech“, dat ass de Motto vum Maacher Lycée. Et géif een op eng gutt Betreiung vun de Schüler setzen. Et wier wichteg, dass jidderee sech am Gebai wuelfillt, sot de Gilles Estgen, den Direkter vum Maacher Lycée.

Frou wier een op alle Fall elo schonn, datt dat neit Schouljoer kéint ufänken ouni dauerhaft d’Masken unzehalen. Am Secondaire ginn d’Schüler jo gefrot sech zweemol d’Woch selwer op de Coronavirus testen ze loossen. Emol an der Klass an emol doheem.

Um Mëttwoch scho waren eng Rei méi eeler Schüler fir e puer Stonnen zréck an de Lycée, dat fir en Noexamen ze schreiwen. Alles an allem si fir dëst Schouljoer méi wéi 1.000 Schüler am Maacher Lycée ageschriwwen.

Op der Uni Lëtzebuerg war um Donneschdeg dann och “Welcome Day”, wou nei Studenten d’Méiglechkeet kréien, de Campus ze entdecken an hiert neit Ëmfeld erkläert kréien.

D’Liewen an d’Studéieren op der Uni ass jo och dëst Joer weiderhi ferme duerch d’Covid-Pandemie markéiert.

RTL-NEWS: Rentrée an der Grondschoul
Serie Rentrée - Deel 1: Wat wënschen d’Eltere sech?
Serie Rentrée - Deel 2: Uni: En eidele Campus wëllen d’Studenten net méi gesinn
Serie Rentrée - Deel 3: Vun Ettelbréck op Gilsdref: D’Ackerbauschoul kritt eng nei Adress
Serie Rentrée - Deel 4: Educatioun: Quereinsteiger-Programm fir de Beruff vum Enseignant
Serie Rentrée - Deel 5: Chargés de Cours: Beruffserfarung vs. Diplom - Wat spillt méi eng wichteg Roll?
Serie Rentrée - Deel 6: Summerschool: Am Summer 2021 war de Succès nach méi grouss, wéi dat lescht Joer
Serie Rentrée - Deel 7: SEW-OGBL: “Fir de Claude Meisch ass dat Wichtegst seng Aussenduerstellung”
Serie Rentrée - Deel 8: Rentrée an der Grondschoul: Fir ronn 60.000 Schüler huet d’Schoul nees ugefaangen

Back to Top
CIM LOGO